Actualité

Discours de Noël de S.A.R. le Grand-Duc (version LU)

24.12.2010

Discours

Léif Letzebuerger, léif Matbierger,

Wa mir haut op Hellgerowend op d'Joer zréckkucken, dann erënnere mir eis u vill schéi Momenter, ma och un eenzel vläicht méi schwéier Passagen. Ech hoffen, datt fir jidderee vun Iech déi positiv Evenementer iwwerweien.

Och wann dëst Joer munnech sozial, politesch a wirtschaftlech Problemer d'Aktualitéit markéiert hunn, gouf et dach a verschidde Secteure vun eiser Economie eng Reprise. Vill Leit hei am Land awer spieren nach ëmmer d'Auswierkungen vun der Kriis a si veronséchert. Heiheem wéi an der Welt gëtt dacks d'Fro gestallt: Wéi geet et virun?

Besonnech wëll ech haut un all déi Matbierger denken, déi ënner Aarmutt, Chômage a sozialer Ausgrenzung leiden an duerch schwéier Zäite ginn. Hinnen all gëllt et, grad och op Chrëschtdag, eng Hand ze reechen.

Zwou Froen, déi ech d'lescht Joer op dëser Plaz gestallt hunn, wéilt ech haut verdéiwen: "War eis Gesellschaft net vläicht ze vill vum séiere Profit geblennt? Hu mir eigentlech iwwerhaapt richteg un d'Zukunft geduecht?"

Eist Handelen, léif Matbierger, huet ëmmer mat eiser Fassong ze dinn, wéi mir mat eise Matmënschen ëmginn. Begéine mir hinne mat Respekt, sou seet dat vill iwwer eis selwer aus. Wann awer séiere Profit eist Zil ass an eleng d'Geld zielt, da verléiere mir d'Uechtung virun deem Aneren a virun der Gesellschaft.

Eist Schaffen, a klenge wéi a groussen Actiounen, huet ëmmer eng sozial an eng ethesch Dimensioun. Wirtschaftlecht Handelen ass a bleift en Deel vum gesellschaftleche Handelen. Emmer dann, wann d'Economie an d'Finanzwelt vun der Gesellschaft a vun der Politik lassgekoppelt agéieren, musse mer eis an Uecht huelen.

Et gëtt kee Grond, d'Economie vun der Ethik lasszeléisen, schreift den indesche Nobelpreisdréier Amartya Sen. "L'économie moderne s'est trouvée considérablement appauvrie par la distance qui a éloigné l'économie de l'éthique." D'Wirtschaft ass fir de Mënsch do, a net de Mënsch fir d'Wirtschaft. Dofir musse mir op zwou grouss Froen eng Äntwert fannen: Wéi soll ee liewen? Wéi eng Gesellschaft wëlle mir?

Wéi soll ee liewen? Et ass ze kuerz gegraff, mam Fanger op anerer ze weisen. Jidderee vun eis dréit Verantwortung. Jiddereen ass en Acteur a kann eis Gesellschaft, eis Economie an eis Emwëlt duerch säi perséinlecht Handelen positiv beaflossen. Emmer rëm iwwer séng eege "Façon de vivre" nozedenken, ass e ganz wichtegen Exercice. Verantwortung a Vertrauen ginn hei Hand an Hand.

Wéi eng Gesellschaft wëlle mir? Sécher wëlle mir all eng Gesellschaft, wou jidderee seng Plaz huet a wou et gerecht zougeet. Nëmme wann de Mënsch an Dignitéit liewen a schaffe kann, ass de soziale Fridden op Dauer garantéiert. Ech lueden dofir jidder eenzelnen an, bei all Striewe no Profit de "Bien commun" net aus den An ze verléieren an deenen eng Hand ze reechen, déi an Nout sinn.

Ech sinn iwwerzeegt, datt e neien Opschwong méiglech ass, deen eng wierklech Perspektiv a Sécherheet bidd. Dat verlaangt vun eis all en Emdenken, ma de positiven Impakt op eist Zesummeliewen sollt eis dat wäert sinn. An enger Zäit, wou eis sozial a wirtschaftlech Relatiounen ëmmer méi virtuell ginn, kritt d'Cohésion sociale, fir déi ech mech zanter zéng Joer asetzen, eng nei Bedeitung.

Léif Matbierger, vergiesse mer ni, datt et hei am Land formidabel Beispiller vu Matenaner a Solidaritéit ginn, och iwwer d'Grenzen eraus. Den Engagement vu ganz ville Bénévolen a Professionnellen am soziale Secteur zeechent eist Land aus. Doropper kënne mir houfreg sinn.

Bei eise soziale Visiten hei am Land erliewen d'Grande-Duchesse an ech ëmmer rëm mat wéi engem groussen Asaz vill Organisatiounen an öffentlech Servicer sech an den Déngscht vum Mënsch stellen. Glécklecherweis gi sech och ëmmer méi Entreprisen hirer sozialer Verantwortung bewosst. Och den Intressi un alternative Wirtschaftsformen hëllt zou. Ech denken hei un d'Economie sociale et solidaire, déi der Grande-Duchesse esou staark um Häerz leit. Ech félicitéieren all Acteure fir hieren Engagement an encouragéiere si, an dëser wichteger Richtung virun ze fueren.

Chers amis étrangers,

Lors de notre récente visite d'Etat au Portugal, la Grande-Duchesse et moi-même avons été très touchés par l'accueil chaleureux que ce merveilleux pays nous a réservé. Il témoigne des liens profonds qui unissent nos deux pays, notamment à travers la présence au Luxembourg de nombreux citoyens d'origine portugaise. Votre présence et celle de toutes les autres communautés est et reste indispensable pour le bien-être de notre société et doit nous encourager à œuvrer en commun pour un avenir prometteur.

Léif Lëtzebuerger,

Grad an dëser Zäit ass et wichteg, zesummen ze stoen, sou wéi d'Lëtzebuerger Vollék et schonn dacks a sénger Geschicht gemaach huet. De Wee aus dëser Kriis däerf net an d'Aarmutt féieren. Am Géigendeel, de Wee kann zu engem neien a méi responsable Matenaner an der Gesellschaft féieren, vun deem mir all profitéieren. Mir hunn eis Zukunft selwer an der Hand. Loosse mir dës Chance notzen.

Léif Matbierger,

Op Hellgerowend wënschen ech Iech all, och am Numm vun der Grande-Duchesse, vu méngem Papp, dem Grand-Duc Jean, a vun eise Kanner, e schéint Chrëschtfest an e glécklecht neit Joer.