19.03.2026
Aweiung vum europäesche Logistikzenter vu Vodafone zu Beetebuerg
Um Donneschdeg huet de Grand-Duc, begleet vum Minister Lex Delles, den neien europäesche Logistikzenter vun der brittescher Telekommunikatiounsentreprise Vodafone ageweit. Vodafone ass zënter 1999 am Grand-Duché vertrueden.
© SIP / Kary Barthelmey
Dëse 26.000m2 grousse Standuert läit strategesch gënschteg am Eurohub Sud. Hei gin d'Gestioun an d'Distributioun vum Equipement fir Festnetz a mobil Telefonie a ganz Europa zentraliséiert. Dank enger héichautomatiséierter Gestioun, bitt des Plattform eng aussergewéinlech operativ Flexibilitéit, déi Liwwerungen duerch ganz Europa bannent manner méi 24 Stonnen erméiglecht.
© SIP / Kary Barthelmey
© SIP / Kary Barthelmey
Dës bedeitend Néierloossung am Häerz vum europäesche Marché confirméiert d'Roll vu Lëtzebuerg als zentral, zouverlässeg an zukunftsorientéiert Logistikplattform.
De Staatschef huet dës Realisatioun begréisst, déi fir d'Innovatiounskraaft vum Land steet.











