Actualité

Discours de Noël prononcé par S.A.R. le Grand-Duc (version LU)

24.12.2012

Discours de Noël de Son Altesse Royale le Grand-Duc

Le 24 décembre 2012 (version originale luxembourgeoise)

Léif Matbierger,

Wa mir haut op 2012 zréckkucken a parallel de Bléck no vir riichten, da maache vill vun eis dat mat éischter gemëschte Gefiller.  Et war op en Neits e mouvementéiert Joer, während deem schéin a wäit manner erfreelech Evenementer sech séier ofgewiesselt hunn.  Déi economesch Kris huet d’Aktualitéit dominéiert, a munneches deit leider elo schonn drop hin, datt och d’nächst Joer keen einfacht wäert ginn.  An awer hoffen ech, datt jidderee vun eis vill positiv Momenter an Erënnerung behellt. Dofir, loosse mir iwwer de schlechte Nouvellen déi gutt net vergiessen. 

Perséinlech denken d’Grande-Duchesse an ech selwer mat grousser Freed un d’Hochzäit vun eisem eelste Jong zréck.  Dee ganz häerzlechen Accueil fir de Prënz Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie huet eis immens beréiert.  E grousse Merci, och am Numm vun der jonker Koppel, fir Är Sympathie, fir Ärt Matfeieren an all léiwe Geste.  E besonneche Merci gëllt all deenen, déi am Kader vun der Hochzäit ganz engagéiert geschafft hunn.  Déi vill positiv Reaktiounen hei am Land an déi gutt Echoen aus dem Ausland sinn eng schéin Unerkennung fir hir formidabel Aarbecht.  Je tiens à remercier tout particulièrement tous nos concitoyens qui se sont associés avec enthousiasme aux festivités du mariage du Prince Guillaume et de la Princesse Stéphanie et qui ont bien voulu partager avec nous ces moments importants pour ma famille et pour le pays.

Eng aner gutt Nouvelle, déi mir Iech virun e puer Deeg matgedeelt hunn, ass d’Verlobung vun eisem Fils, dem Prënz Félix, mat dem Claire Lademacher.  Mir si frou a glécklech, a mir wënschen der jonker Koppel alles Guddes.

Léif Matbierger,

Freed a Leed leien am Liewen leider dacks no beieneen.  D’Hochzäit ass an eng Zäit gefall, wou gutt Neiegkeete rar gi sinn.  D’Wirtschaftskris huet och bei eis déif Spueren hannerlooss: Betriber hunn zougemaach, Personal gouf entlooss, sozial Acquisen sinn a Gefor a Spuermoossnamen sinn noutwenneg ginn.  All dës Annonce bleiwe net ouni Conséquencen, als éischt fir déi Leit, déi perséinlech dovu betraff sinn.  Dat ass eng Situatioun, déi kee vun eis zefridde stelle kann an déi eis all erausfuedert.

Ech wëll haut den Owend besonnech un déi Familljen hei am Land denken, déi ënnert der Kris leiden an déi finanziell ëmmer méi schlecht iwwer d’Ronne kommen.  Si brauchen eis an den Appui duerch eise Sozialstaat haut méi wéi je!

Als Gesellschaft kënne mir an esou enger Kris zesummewuessen an zesummestoen.  Lëtzebuerg huet glécklecherweis eng laang Traditioun vu Solidaritéit, hei am Land, an Europa wéi och mat manner entwéckelte Länner.  Dës Solidaritéit op allen Terrainen ass grad haut gefrot.

Léif Leit alleguer,

Dacks héiert een de Saz: D’Kris ass eng Chance fir Verännerung a Reformen.  Dat maach richteg sinn, mä als éischt ass d’Kris dat, wat se ass: d’Illustratioun vun engem Echec, dee fir den Eenzelnen ewéi fir ganz Länner mat grousse Verloschter verbonnen ass.  D’Aufgab vun der Politik a vun eis all ass et, aus der ablécklecher Situatioun eppes ze léieren, mat reduzéierte Moyenen raisonabel ëmzegoen an eis Prioritéiten z’iwwerpréiwen.

E Schlësselbegrëff an dësem Kontext ass d’Responsabilitéit.  Ech fäerten, mir hunn an de leschte Joren e Stéck wäit verléiert, gerued ze stoen, fir dat, wat mir maachen.  Wien handelt, muss sech ëmmer bewosst sinn, wéi eng Conséquencen seng Entscheedungen fir d’Gesellschaft hunn.  An alle Beräicher, vun der Economie an der Finanzwelt bis bei den Emweltschutz an eist soziaalt Engagement, leit déi éischt Verantwortung fir eist Handelen ëmmer bei eis selwer.  Responsabilitéit kann ee net auslageren a mam Fanger op d’Ausland oder op de System weisen.

Do, wou d’Verantwortung an de Sënn fir de „Bien commun“ ofhuelen, wou kee méi Responsabilitéit iwwerhëllt an nëmmen de perséinleche Profit zielt, huelen d’Indifferenz an d’Risikobereetschaft zou.  Wann déi einfach Relatioun tëscht „kréien“ a „ginn“ net méi stëmmt, sinn Ongerechtegkeeten inevitabel.

An engem Spill, wou bal alles méiglech a villes erlaabt ass, sinn der Kreativitéit, am Gudden wéi am Schlechten, kaum Grenze gesat.  Grenzen a Regelen awer si néideg, net fir den Eenzelnen a senger Fräiheet anzeschränken, mä fir d’Gesellschaft als sollech ze protegéieren.

Responsabel handelen ass fir mech déi éischt Äntwert op all Form vu Kris, op Wirtschafts- oder Vertrauenskris, a kann eis hëllefen, datt sech esou eng Situatioun net esou liicht widderhëllt.

Responsabel handelen heescht: éierlech sinn, d’Wourecht soen, och wann se net gefällt, de Mënsch respectéieren, bewosst decidéieren a consomméieren a kee Profit um Bockel vun aneren, an domadder vun der Gesellschaft ze maachen.

Responsabel handelen heescht och: ëmmer nees mat Wäitsiicht un d’Zukunft vu Land a Leit ze denken.

Léif Matbierger,

D’Kommunikatiounsgesellschaft, an där mir haut liewen, fuerdert eis op, ëmmer méi séier ze handelen.  D’Zäitfenster, an deem mir agéiere kënnen an opgefuerdert ginn, ze reagéieren, gëtt ëmmer méi kleng.  Et ass a mengen An awer wichteg, datt mir eis net nëmmen vun Urgencen a séieren Decisiounen dreiwe loossen, mä Entscheedungen an hir Konsequenzen zu Enn denken.  Eisen Usproch sollt et sinn, net liichtfankeg all Rumeur opzegräifen, mä eis sachlech a fair an den Déngscht vun der Wourecht ze stellen an de Mënsch hannert der Nouvelle net ze vergiessen.

Ech plädéieren an dësen onsécheren Zäiten, wou Repèren ze verschwanne schéngen, fir e Stéck Normalitéit.  Mir brauche nees Referenzpunkten, mir brauchen Zäit a Rou, fir Decisiounen ze treffen an Informatiounen op de Fong ze goen.  A mir brauche Leit, déi an engem pluralistesche Kontext Wäerter héich halen.  D’Gesellschaft brauch Toleranz, deen Eenzelnen awer och Orientéierung.  Wäerter wéi Respekt, Verantwortung, Éierlechkeet, Nächsteléift an e gutt Matenaner kënnen Orientéierung ginn an eist Handelen bestëmmen.

Ech sinn iwwerzeegt, datt Dir, léif Matbierger, bereet sidd, zwou Hänn mat unzepaken, wann et drëm geet, d’Lëtzebuerg vu muer virzebereeden.  Eist Land wäert muer anescht ausgesinn wéi haut.  Wéi et ausgesäit, hänkt och dovunner of, op mir gewëllt sinn, Verantwortung ze droen, nei Perspektiven fir eist Land z’entwéckelen a Solidaritéit grouss ze schreiwen.  Kommt, loosse mir dësen Defi zesummen upaken a mat Courage a Vertrauen no vir kucken.

Léif Matbierger, Chers concitoyens,

Op Hellgerowend wënschen ech Iech all, och am Numm vun der Grande-Duchesse, vu mengem Papp, dem Grand-Duc Jean, vun der ierfgrouss-herzoglecher Koppel an der ganzer Famill, schéi Chrëschtdeeg an e glécklecht neit Joer.  Je vous souhaite à vous tous un joyeux Noël et une très bonne année!