Actualité

Discours de Noël prononcé par S.A.R. le Grand-Duc (version LU)

24.12.2013

Discours de Noël de Son Altesse Royale le Grand-Duc

Le 24 décembre 2013 (version originale luxembourgeoise)

Léif Matbierger,

Wéi d’Traditioun et wëllt, géing ech gären um Virowend vu Chrëschtdaag e puer Iwwerleeungen mat Iech deelen an Hand vun denen wichtegsten Evenementer aus dem vergaangenen Joer. Wa mir d‘Méint Revue passéieren loossen, stellen mir fest datt 2013 e Joer war dat esouwuel dobaussen ewéi heiheem vun aussergewéinlechen Evénementer geprägt war. 

Fir d’éischt wéillt ech op déi Handlungen aus der Vergaangenheet zréckkommen, denen hiert Opschaffen zu engem bedauerlechen Vertrauensverloscht an d’Politik an an d’Institutionenen gefouert huet. D‘Opléisung vun der Chamber an Neiwahlen waren dorobshin néideg.  

Aus dësen Wahlen as eng nei Majoritéit erviirgaangen déi hieren Nidderschlag sowuel an der Compositioun vun der Chamber wéi och vun der Regierung fond huet. Mëttlerweil sin d’Chamber an d’Regierung konstituéiert an hir Memberen vereedegt. Béid Institutiounen hun esou d’Méiglechkeet schon en halleft Joer virun dem Oflaaf vun der normaler Legislaturperiod nei Akzenter ze setzen als Äntwert op déi gewalteg Erausfuerderungen déi sech eisem Land stellen. Losst mir hinnen an dem Sënn eng glécklech Hand an der Ausübung vun hiren wichtegen Aufgaben wënschen.

D’Aarbecht vun der aaler Regierung verdengt och gewürdegt ze gin. An un hirer Spetzt dem Här Juncker, well ech besonnesch Merci soen fir alles waat hien esou lang fir Letzebuerg an Europa gemach huet.  Ech wéilt awer och net mëssen op deen groussen politischen Engagement hinzeweisen deen dës Wahlen gekennzeechnet hun. Nach nie goufen et esou vill Kandidaturen. Dëst ass och ee Beweis dofir datt eis Gesellschaft eng lieweg ass an datt vill Matbierger bereet sin sech vir d’Allgemengheet anzesetzen. Ech well hinnen all, och deenen déi kee politescht Mandat kruten, e groussen Merci soen fir hirt Engagement.

Léif Matbierger,

Ech kommen och dëst Joer net derlaanscht déi schwéier finanziell a wirtschaftlech Situatioun an Europa an zu Lëtzebuerg unzeschwetzen. Wann et och Unzeechen get datt di wirtschaftlech Aktivitéiten am nächsten Joer een neien Opschwong erliewen kënnten,  esou bleiwt dach daat sozialt a finanzielt Emfeld och heiheem weider bestëmmt vun den Konsequenzen vun der globaler Kris.

Nach nie goufen et esou vill Persounen hei am Land ouni Arbecht. Vill vun hinnen sin eeler Salariéen déi hier Schaff verluer hun a fir déi et ganz schwéier ass sech nei um Arbechtsmaart ze positionnéieiren.  Mé och die Jonck musse gehollef kréien.  Vill vun hinnen géifen gären hiert Liewen an zwou Hänn huelen, mee ouni Aarbecht kennen sie hier privat, familiär, a beruflech Pläng nemmen schwéier oder guer net realiséiren. 

Dorunner ass secher dat besotent schwéiert wirtscharftlecht Emfeld mat schold. Awer och daat mangelnd Bewosstsin datt ouni eng zolit Ausbildung et besonnesch fir déi Jonk, déi op der Sich no enger Schaff sin, emmer méi schwéier waert gin eng Arbecht ze fannen.  D’Mutation vun eiser Wirschaft an eng emmer méi elaboréiert Dingschtleeschtungsgesellschaft ennerstraicht d’Noutwendegkeet eiser Jugend déi beschtméiglech Erzéihung ze gin an des spéider duerch eng geziilten Förderung vun der beruflecher Weiderbildung ze ergänzen.  

Et ass also immens wichteg datt hir Famill, d’Schoul an daat gesamtent sozialt Emfeld déi Jonck op hir Plaatz an der Gesellschaft ann am Beruf virbereeden. Et gëllt besonnesch och  Klischéen a Virstellungen entgéint ze wirken, mat deenen verschidden Berufsbiller behaft sin. Dës Orientéirung därf net méi op engem falschen sozialen Stellenwert berouen, den zum Beispill villen manuellen Beruffer unhafft. Nemmen duerch eng richtig Orientéierung - déi op den Ambitiounen an den Talenter vun denen Joncken baséiert -  kann d‘Ausbildung gewënnbrengend sin fir déi Jonk, Freed maachen fir jidfer Eenzelnen, an der d’Gesellschaft am Ganzen virun hellefen.

Léif Matbierger,

Um internationalen Plang wéilt ech déi wichteg Roll eraus straichen, déi Lëtzebuerg zenter desem Fréijoer an der UNO ergraff huet. Mir kennen houfrech sin op d’Mandat daat Lëtzebuerg fir zwee Joer am Secherheetsrot zoufällt. Dëst stellt net nemmem e Succès op dem diplomateschen Plang duer, mee témoignéiert och vun engem formidabelen Asaatz vun eisem Land fir d’Erhaalen vum Fridden an der Welt.  Et ass dëst och eng logesch Fortsetzung vun dem selweschten Effort deen eist Land an der Friddensgestaltung ennert der Régie vun der UNO anhëllt durch d‘Bëretstellen vun letzebuerger Zaldoten a Polizisten.  

Och d’Ophuelen zu Lëtzebuerg vun syrischen Flüchtlingen reiht sech an dëst humanitärt Engagement an. Wéi noutwendeg esou eng Hëllef ass léist sech ofliesen un der Verzweifelung  vun esou villen Menschen déi op der Flucht sin virun engem Régime oder engem Krich.  Bei Gelegenheet vun der Staatsvisite an der Türkei huet d’Grande-Duchesse zesummen mat eisem Aussenminister sech e Bild konnte machen vun den Ausmoossen vun der humanitärer Katastrof, déi durch den Konflikt a Syrien ausgeléist gouf. An deem Zesummenhang kennen mir alleguerten zurecht stoltz sin op déi grouss materiell a perséinlech Ennerstëtzung, déi eist Land an der Entwecklungsaarbecht leescht.  

Ech wéilt awer déi Unerkennung net nemmen op den Engagement um internationalen Plang begrenzen. Ganz am Géigendeel; de Mérite vun deenen Memberen vun eiser Gesellschaft déi sech och heiheem an den Dengscht stellen vun denen Matbierger, denen et manner gudd geet, well ech ausdrecklech wierdigen. Besonnesch gëllt et weiderhin d’Aarmut ze bekämpfen. Eis Solidaritéit ass méi wichteg wéi je.  Op Hellëger Owend wëllen mir speziell och un déi krank Menschen an eiser Gesellschaft denken an hinnen vill Courage an Zoufersicht fir d’Zukunft wënschen.

Léif Matbierger,

Perséinlech denken d’Grande-Duchesse an ech mat grousser Freed un d’Hochzeit vum Prënz Felix an der Prinzessin Claire zeréck. Ech well vun deser Gelegenheet profitéieren fir deenen villen Persounen Merci ze soen fir hiert grousst Undeelhuelen un desem schéinen Fest. Déi vill Témoignagen vun Sympathie hun eis staark beréiert.  

Léif Matbierger, chers concitoyens,  

Och am Numm vun der Grand-Duchesse, vu mengem Papp, dem Grand-Duc Jean, vum Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie an der ganzer Famill, wenchen ech Iech all schéi Chrëschtdeeg an e glecklecht neit Joer. Je voudrais aussi m’adresser aux ressortissants de la communauté internationale au Luxembourg et leur souhaiter un Joyeux Nöel et une très bonne Nouvelle Année.