Actualité

Discours prononcé par S.A.R. le Grand-Duc lors de la Cérémonie officielle, offizieller Festakt

23.06.2014

Discours de S.A.R. le Grand-Duc prononcé au Grand-Théâtre de la Ville de Luxembourg, lors de la cérémonie officielle, offizieller  Festakt, le 23 juin 2014, jour de la Fête Nationale au Grand-Duché de Luxembourg

Här President vun der Chamber, Här Staatsminister, Exzellenzen, Léif Matbierger alleguer,

Et ass grad e puer Wochen hier, dass mir den 175. Gebuertsdag vun eiser Onofhängegkeet zesumme gefeiert hunn. Deemools ass et äis alleguer opgefall, wéi vill Upassung erfuerdert war, fir aus dem Lëtzebuerger Land e vollwäertegen Acteur op der europäescher an internationaler Bühn ze maachen. An all Period vu senger Geschicht huet de Grand-Duché sech nei erfonnt, an huet dat och misse maachen.

Et schummt ee sech bal esou e „lieu commun" ze formuléieren, mä hautdesdaags changéiert d’Welt mat enger Vitesse, déi ee schwindeleg mécht. Ech hu bei der Feier vum 29. Abrëll ausgeféiert, wéi staark d’Europäesch Unioun sech am leschte Véierelsjoerhonnert transforméiert huet. A wat Lëtzebuerg ubelaangt, dréint d’Rad vun der Geschicht nach e Krack méi séier. Ech jiddefalls kenne kee Staat an der westlecher Welt, dee sech esou spektakulär entwéckelt huet ewéi eist Lëtzebuerger Land.

Well se souvill aussoen, wëll ech e puer Zuelen nennen, och an dësem ganz feierleche Moment: bannent 25 Joer ass eis Populatioun vun 375 000 op 550 000 Awunner geklommen. D’Zuel vun den Auslänner, déi bei äis liewen, louch am Joer 1989 bei ongeféier 100 000; et sinn der haut 250 000. An därselwechter Zäit hunn d‘Aarbechtsplazen heiheem sech verduebelt an d’Zuel vun de Frontalieren, déi all Dag bei äis schaffe kommen, ass mat sechs multiplizéiert ginn. De formidabele Wuesstem vun der Wirtschaft wier ouni den extraordinairen Bäitrag vun all deenen ni méiglech gewiescht.

Et kann een also nëmme beandrockt si vun dëser demographescher an economescher Entwécklung, déi hiresgläiche sicht. Mä dës Entwécklung werft och fundamental Froen op, wat mat eisem klénge Staat soll ginn, wéi d’Leit mat deenen diversen Originnen hei nach besser zesummeliewe kënnen a wéi d’Citoyennetéit ze gestalten ass.

All dëst si politesch Debatten, am nobelste Sënn vum Wuert „politesch", a si hunn och eng philosophesch Komponent. Si stellen d’Fro, wat mir an noer Zukunft wëlle sinn, u wat fir eng Gesellschaftsuerdnung an u wat fir e „contrat social" mir äis wëllen halen. Dës Debatten musse selbstverständlech an der Serenitéit an ouni Polemik gefouert ginn.

Déi éischter ethnesch orientéiert Konzeptioun vun der Natioun ass zanter laangem vun de Realitéiten dementéiert ginn. An engem Land ewéi äist, wou praktesch d’Halschent Net-Lëtzebuerger wunnen a wou se zwee Drëttel vun der aktiver Populatioun ausmaachen, ergëtt dat kee Sënn méi. Aplaz hu sech vill méi offe Konzeptiounen vun der Natioun imposéiert.

Anerersäits – an dat weist äis d’Aktualitéit all Dag op en Neits – ass d’Citoyennetéit eng subtil Mëschung vu Rechter a vu Pflichten, vu kollektiver Unerkennung a vun individuellem Bekenntnis. Et ass een net als Bierger gebuer, mä et gëtt een et.

D’Zesummeliewen am Respekt an d’Integratioun vun den Auslänner si vu vitalem Intressi fir eis Gesellschaft, an dat net nëmmen aus der Siicht vun der Economie. Grad hei läit de Schlëssel fir eng glécklech Entwécklung vum Lëtzebuerg vu mar.

Sécher: déi, déi empfänken an also doheem sinn, an déi, déi sech wëllen integréieren, musse gewëllt sinn, openeen zouzegouen. Dobäi muss all Säit d’Basisregelen vun eiser Gesellschaft, eis demokratesch Idealer, eis Liewensaart an eise kulturelle Pluralismus bereet sinn ze respektéieren. Ouni dat geet et net.

Op dësem Nationalfeierdag, dee virun allem d’Eenheet vum Land zelebréiert, gesinn ech vill positiv Zeechen, déi mech optimistesch stëmmen.

Déi Zéngdausende vu Leit, Lëtzebuerger ewéi Net-Lëtzebuerger, Residenten ewéi Net-Residenten, déi mat deemselwechten Enthusiasmus, zesumme mat der Grande-Duchesse an eise Kanner, den 23. Juni feieren, erliewen eng enk Verbonnenheet. An dat ass sécher eppes anescht ewéi einfach bei engem Volleksfest matfeieren, dat esou flott op de Summerufank dank der Grande-Duchesse Charlotte geluecht ginn ass. Wa mir zesumme feieren, gesi mir, wéi all déi Verschiddenheete verschmëlzen.

Och am Alldag, wou et méi prosaesch zougeet, gesi mer Ursaachen, fir äis ze freeën. Den Zement, deen all d’Leit hei am Land zesummebënnt, huet sech bis elo als ganz zolidd erwisen. Och déi demographesch a soziologesch Entwécklunge vun de leschte Joren hunn et net fäerdeg bruecht, an dësen Zement Rëss ze maachen.

Loosse mer alles drusetzen, fir dës Cohesioun och an Zukunft ze garantéieren, well e kléngt Land, dat sech net am Wesentlechen eens ass, dat condamnéiert sech selwer. Loosse mer och erkennen, datt grad d’Verschiddenheet e Räichtum duerstellt. Ech drécken dofir alle Lëtzebuerger wéi Net-Lëtzebuerger meng gréissten Unerkennung aus, fir den economeschen, sozialen oder kulturelle Bäitrag un eis plural Gesellschaft.

Ouni dëse gemeinsamen Undeel wiere mir net wat mer haut sinn!

Ech hunn och all Vertrauen an d‘moralesch Stäerkt vun eiser Populatioun, dat se sech weider opmécht ouni ze vergiessen, wat si ass a wat si bleiwe wëllt. Dat kann dat „Lëtzebuerger Exempel" ginn.

Léif Matbierger,

De Lëtzebuerger Nationalfeierdag ass e privilegéierte Moment, dee mir mat engem Gefill vu Freed an Eenegkeet feieren. Am Geescht vun enger oppener Natioun heeschen ech all déi wëllkomm, déi wëlle matmaachen.

Vive eist d’LëtzebuergerLand!