Aller au contenu principal

Discours - Fête Nationale 2026 - 23/06/2026

Här Chamberpresident, 

Här Premierminister,

Exzellenzen,

Dir Dammen an Dir Hären,

An haut de Moien, speziell, léif Jonk,

Nationalfeierdag ass e Moment vu Feierlechkeeten. 

Nationalfeierdag ass och e Moment vun Transmissioun.

Eng Natioun lieft duerch hir Institutiounen, hir Geschicht, hir Symboler an Traditiounen. Mee eng Natioun lieft virun allem duerch hiert Vollek an duerch dat, wat vu Generatioun zu Generatioun iwwerdroë gëtt : hir Wäerter, eng Responsabilitéit vis-à-vis vun onsem Land an eise Matbierger, an d’Vertrauen an eng gemeinsam Zukunft.

Dëst garantéiert d’Kontinuitéit tëschent deenen, déi virun eis do waren an deenen, déi no eis wäerte kommen.

Dat gëllt och fir mech.

Ech stinn haut déi éischte Kéier virun Iech bei dëser Zeremonie um Nationalfeierdag. Mee den 23. Juni war ëmmer en Dag op deem e Grand-Duc oder eng Grande-Duchesse op d’Land a seng Léit zougaangen ass. 

D’Gesiichter hu geännert; net awer dat, fir dat si stinn. Fir d’Eenheet an d’Onofhängegkeet vun onsem Land; fir d’Wäerter vun eiser Verfassung héich ze halen, besonnesch op engem Dag wéi haut.

An déi Kontinuitéit entsteet net vum selwen. Si lieft duerch Iwwerliwwerung. A genee dës Transmissioun hu mer den 3. Oktober d’lescht Joer beim Trounwiessel gefeiert. E Moment, deen d’Bestännegkeet vun onser Monarchie an d’Kontinuitéit vun onsem Staat besonnesch ervir gehuewen huet.

Ech hunn deen Dag an der Chamber virun eise Volleksvertrieder den Eed als Staatschef ofgeluecht an e puer Uleies genannt, deenen ech eng besonnesch Opmierksamkeet wëll ginn. 

Een dovunner wéilt ech haut ervirhiewen. Well, wa mer iwwer d’Zukunft vu Lëtzebuerg schwätzen, wa mer d’Kontinuitéit ernimmen, da menge mer meeschtens d’Jugend. Si ass en essentiellen Deel vun der Transmissioun an domat vun eiser Natioun.

Dir Dammen an Dir Hären,

Ech sot den 3. Oktober, datt eis Welt an eis Gesellschaften am Moment duerch séier Changementer ginn, déi eis all direkt betreffen. Am Gudden, wei och am Schlechten.

Kënschtlech Intelligenz, digital Technologien an déi ëmmer méi séier Verbreedung vun Informatioune veränneren net nëmmen d’Aart a Weis wéi mir schaffen, mee och wéi mir denken, kommunizéieren an um ëffentleche Liewen deelhuelen.

Mir liewen an enger Welt, an där digital Plattforme Frëndschaften, Meenungen, Identitéiten an, ëmmer méi, esouguer den demokrateschen Debat beaflossen. Dës Realitéit bréngt eng fundamental Fro mat sech: wéi kënne mir eis demokratesch Prinzippien a Wäerter an enger Zäit erhalen, an där alles ëmmer méi séier geet, an där Emotiounen sech verbreeden op Basis vun Informatioune vun deenen een net ëmmer weess wou se hir kommen, an d’Wourecht dacks onsécher schénge kann? 

D’Äntwert op déi Fro ass keng einfach. Mee, mir wëssen datt Demokratie duerch d’Biergerinnen a Bierger lieft.

Duerch Mënschen, déi nolauschteren, éier si jugéieren.

Duerch Mënschen, déi kritesch denken an de Courage an de Wëllen hunn, fir dat a Fro ze stellen, wat si um Ecran vun hirem Smartphone gewise kréien.

Duerch Biergerinnen a Bierger, déi den Dialog sichen. Och dann, wann se net mateneen d’accord sinn an eng aner Meenung hunn.

Demokratie lieft net vum Eenzelen, mee vum Mateneen. An et ass un Iech, der Jugend, fir dës Verantwortung geschwënn ze iwwerhuelen. D’Jugend orientéiert sech fir d’éischt un deem, wéi mir et maachen. Mee si muss och mat kriteschem Geescht hiren eegene Wee sichen, deen hirer Zäit gerecht gëtt.

An enger ëmmer méi digitaler Welt besteet de Risiko, datt mir matenee verbonne sinn, ouni eis wierklech ze begéinen.

Dofir wëll ech op e puer vun de Symboler vun eisem Nationalfeierdag agoen. Si droen eng Bedeitung an erzielen eppes iwwer eis als Natioun. An ech sinn iwwerzeegt, datt si eis och haut nach eppes Wichteges ze vermëttelen hunn. Ech géif de Moie gären dräi vun dëse Symboler besonnesch ervirhiewen.

Esou ass gëschter Owend den traditionelle Fakelzuch duerch d’Stroosse vun der Stad gezunn. Verschidde Generatiounen, verschidden Nationalitéiten, verschidden Associatiounen, déi sech op engem gemeinsame Wee begéinen. 

An all Hand eng Flam.

An all Flam hänkt vun där niewendrun of.

Eleng sinn se ufälleg, zesumme beliichten se eng ganz Stad.

De Fakelzuch erënnert eis esou dorun, datt d’Demokratie net eleng duerch hir Institutioune liewe kann. Si lieft och duerch Engagement, Vertrauen a Solidaritéit. Si brauch Bierger, déi Verbonnenheet zuenee spieren.

An dat ass eent vun de schéinste Virbiller, dat mir eiser Jugend kënne weisen. 

D’Demokratie, dat ass de Courage op anerer zou ze goen. 

D’Demokratie, dat ass nolauschteren, debattéieren a Kompromësser agoen. 

D’Demokratie ass eng gemeinsam Rees.

An ech sinn dofir och houfreg, datt um Ufank vum Mount d’Sozialpartner beienee fonnt hunn, fir de Lëtzebuerger Model vun Dialog a Kompromëss Bereetschaft nees weider ze beliewen.

En anere wichtege Moment haut ass d’Militärparade.

Wann eis Arméi, eis Police an eis Zivil Déngschter op der neier Avenue defiléieren - déi passend de Numm Avenue de la Liberté dréit – dann erënnere si eis drun, datt eis Fräiheet keng Selbstverständlechkeet ass. 

Eis Demokratie an déi Fräiheet, déi eis Gesellschaft haut genéisst, sinn net vum Himmel gefall. Si bestinn, well d’Generatioune virun eis d’Verantwortung iwwerholl hunn, se ze verdeedegen an ze erhalen.

Jo, eng Demokratie gëtt eis Rechter. Mee si gëtt eis och eng Responsabilitéit déi mat Verpflichtunge verbonnen ass. Dat och ass e wichtege Message, deen ech haut eiser Jugend wëll mat op de Wee ginn. Net well si et mei schlecht géife maachen. Mee well all Generatioun soll den Usproch hunn, et besser ze maache wéi déi virdrun, ouni dobäi ze vergiessen, op wéi engem Fundament si opbaue kann.

Well, d’Demokratie, eist Land, Europa an eis gemeinsam Wäerter, verdeedegt een net nëmme mat Wierder. Et beschützt een se duerch politescht Engagement, duerch Benevolat, duerch Verantwortung am Alldag an duerch Solidaritéit mateneen.

A leider muss se och haut nach physesch geschützt ginn. Ouni Sécherheet kann et keng Fräiheet ginn, an ouni Fräiheet kann de Rechtsstaat net bestoen.

Dofir, wëll ech och haut deene Fraen a Männer Merci soen, déi sech all Dag an den Déngscht vun eisem Land stellen. Eis Zaldoten, Polizisten, Rettungsdéngschter an all déi, déi haut, trotz der grousser Hëtzt, op der Neier Avenue defiléieren oder am Alldag am Asaz sinn. Si droen dozou bäi, eis Demokratie an eis Fräiheet ze schützen.

An enger Zäit, an där et nees Krich op eisem Kontinent gëtt, kënnen a däerfe mir Fridden an eisem Eck vun Europa net méi als eng Selbstverständlechkeet ugesinn. Fridde muss duerch Zesummenhalt an duerch onermiddlechen Asaz fir eis demokratesch Wäerter verdeedegt ginn.

Haut fänkt ons Fräiheet schonn an der Ukrain un !

Dir Dammen an Dir Hären,

E wichtege Bestanddeel vum Nationalfeierdag ass och dës Zeremonie.

Dir representéiert d’Institutioune vum Land, d’Ambassaden déi zu Lëtzebuerg akkreditéiert sinn an d’Medien; dir hutt Iech gemellt, fir haut hei derbäi ze sinn, dir drot zu der Organisatioun oder der d’Musek, déi mir héieren, an domat zum Gelénge vun dëser Zeremonie bäi.

An ech géif Iech gären eng Fro stellen.

Firwat sidd Dir haut de Moien hei ? Firwat hutt Dir Iech op engem Feierdag Zäit geholl, fir Rieden ze lauschteren an dëse feierleche Moment zesummen ze erliewen ?

Jiddereen huet warscheinlech seng eegen Äntwert op déi Fro. A grad dat mécht d’Bedeitung vun dëser Zeremonie aus.

Well si ass net just en alljärlechen Deel vum Programm vum Nationalfeierdag. Dës Zeremonie ass e Symbol. E Symbol vun engem Land, dat op Dialog opgebaut ass. E Symbol vun enger Gesellschaft, an där verschidde Generatiounen, verschidde Beruffer a Kulturen zesummekommen, an där Mënsche mat verschiddenen Iwwerzeegungen a Glawensrichtungen sech begéinen, fir dat ze feieren, wat si verbënnt.

Mir sinn haut net trotz eisen Ënnerscheeder hei, mee mat eisen Ënnerscheeder. An dat ass de Kär vun eiser Demokratie. Besonnesch fir eis Jugend huet dëse Moment eng staark Symbolkraaft, well en e Gefill vu Zesummegehéieregkeet gëtt.

Mir mussen onse Kanner soen datt si, och an den Onsécherheete vun eiser Zäit, net eleng sinn. Datt si Deel vun enger Gesellschaft sinn déi u si gleeft, déi hinnen nolauschtert an hinnen d’Verantwortung fir hir Zukunft uvertraut.

Eng Natioun däerf sech net domat zefridde ginn, hir Jugend ze bilden. Si muss si mat abannen. Si muss si encouragéieren. A virun allem muss si hir Vertrauen entgéint bréngen.

Well eng Demokratie gëtt net vun enger Generatioun eleng gedroen. Si gëtt iwwerdroen. Si lieft dovun, datt déi Eeler hir Erfarungen a Wäerter vermëttelen an datt déi Jonk se ophuelen, hannerfroen an un hir Zäit upassen.

Esou entsteet Kontinuitéit : net duerch Stëllstand, mee duerch Vertrauen tëschent de Generatiounen.

Haut de Moien erënneren eis d'Symboler vun eisem Nationalfeierdag un dës Verantwortung :

D'Fakelen, datt d'Demokratie zesumme gedroe gëtt. 

De Militäreschen an zivillen Defilé, datt Fräiheet Engagement vu jidderengem vun eis erfuerdert. 

Dës Zeremonie, datt d'Wäerter iwwer d'Generatioune weiderliewe wa mir bereet sinn Verantwortung ze iwwerhuelen.

Dat sinn d’Messagen déi ech Iech haut - an der Kontinuitéit - fir mäin éischten Nationalfeierdag als Staatschef wollt mat op de Wee ginn.

Vive Lëtzebuerg !

Vive Europa !