Actualité

COVID-19 : Le Grand-Duc soutient les forces vives de la nation

An dëser Zäit vu Confinement huet de Grand-Duc sech mat der Grande-Duchesse op d’Schlass Bierg zréckgezunn. Dat hält hien awer net dovunner of, sech zäitgläich iwwer d’Situatioun vun der Kris z’informéieren, mee och Courage ze maachen a seng Dankbarkeet auszedrécken.

⁣Dem Grand-Duc ass et dofir wichteg, am permanenten, deegleche Kontakt mat deene Mënschen ze sinn, déi och an dësen Deeg musse schaffen a sech mat aller Kraaft géint de COVID-19 asetzen oder d’Land um Lafen halen : Fleegepersonal, den öffentlechen Déngscht, d’Liewensmëttelbranche, d’Wirtschaftsakteuren, d’Berufskummeren, mee och karitativ Organisatiounen a Bénévoler.⁣

D’Roll vun eis All, ob mir vir bäi stinn, aus der zweeter Reih hëllefen, oder eis einfach nëmmen un déi strikt Reegelen halen, ass an dëser Zäit vu gréisster Wichtegkeet.⁣

Le Grand-Duc au Château de Berg
© Maison du Grand-Duc

Version française

Confiné au château de Berg avec S.A.R. la Grande-Duchesse, S.A.R. le Grand-Duc est en contact quotidien avec l’ensemble des forces vives de la nation mobilisées dans la lutte contre le COVID-19 : soignants, services publics, salariés des réseaux d’alimentation, acteurs économiques, chambres professionnelles, œuvres de bienfaisances, bénévoles.⁣ ⁣
Il s’agit de s’informer en temps réel comme d’encourager ou d’exprimer la profonde reconnaissance de notre population solidaire. ⁣

Le rôle de chacun qu’il soit en première ligne, en deuxième ligne ou tout simplement en observant les règles strictes de confinement est essentiel.