Actualité

Trounwiessel | Auslännesch Dignitairen

D’Maison du Grand-Duc deelt mat, datt follgend auslännesch Dignitairen un den Zeremonië vum Trounwiessel, den 3. Oktober 2025, deel huelen.

Kinnekräich vun Holland

  • Hir Majestéiten de Kinnek Willem-Alexander an d’Kinnigin Máxima 
  • Hir Kinneklech Altess d’Ierfprinzessin Catharina-Amalia
     

Kinnekräich vun der Belsch

  • Hir Majestéiten de Kinnek Philippe an d’Kinnigin Mathilde 
  • Hir Kinneklech Altess d’Ierfprinzessin Élisabeth
     

Bundesrepublik Däitschland

  •  Seng Exzellenz den Här Frank-Walter Steinmeier, President vun der Bundesrepublik Däitschland, an d‘Madamm Elke Büdenbender
    (nëmme present fir de Galadinner) 
     

Franséisch Republik

  • Seng Exzellenz den Här Emmanuel Macron, President vun der franséischer Republik, an d‘Madamm Brigitte Macron 
    (nëmme present fir de Galadinner)
     

Europäesch Institutiounen

  • Hir Exzellenz d’Madamm Roberta Metsola, Presidentin vum Europäesche Parlament, an den Här Ukko Metsola
  • Seng Exzellenz den Här António Costa, President vum Europarot 

Programm vun den offizielle Festivitéite vum 3., 4. a 5. Oktober 2025

Fir datt d’Ëffentlechkeet de Programm ka verfollegen an aner praktesch Informatiounen zu de Feierlechkeeten am Kader vum Trounwiessel, gouf eng speziell Internetsäit ageriicht: