D'Maison du Grand-Duc

D'Maison du Grand-Duc ass duerch e groussherzoglechen Arrêté gegrënnt ginn, deen den 9. Oktober 2020 vum Grand-Duc Henri ënnerschriwwe gouf. Dës nei Administratioun gëtt dem Grand-Duc déi néideg administrativ a logistesch Ënnerstëtzung a sengen Aktivitéiten als Staatschef.

Panneau Maison du Grand-Duc - Maréchalat de la Cour

D'Maison du Grand-Duc steet ënner der Responsabilitéit vum (vun der) Maréchal(e) de la Cour. De Paul Dühr ass de 25. Februar 2022 Maréchal genannt ginn. Hie krut domat d'Leedung vum Personal vun der Maison du Grand-Duc an huet déi selwecht Autoritéit wéi e Chef vun enger staatlecher Administratioun.

Eng vun de Funktioune vum Maréchal ass et, de Grand-Duc ze vertrieden. Hien ass awer och responsabel fir d'Organisatioun vun den offiziellen Aktivitéite vum Grand-Duc a senger Funktioun als Staatschef. Hien ass zoustänneg fir d'Relatiounen tëscht dem groussherzoglechen Haff an der Regierung a fir d'extern an intern Kommunikatioun vun der Maison du Grand-Duc. Ënner seng Responsabilitéit falen och déi offiziell Aktivitéite vun der Grande-Duchesse, dem Ierfgroussherzog, der Ierfgroussherzogin an den anere Membere vun der groussherzoglecher Famill.

De Maréchal presidéiert den Direktiounscomité, deen aktuell zesummegesat ass aus dem:

  • Yves Arend, Direkter vum Büro vum Maréchal.
  • Marc Baltes, Beroder vum Grand-Duc a
  • Colonel Robert Kohnen, Aide de camp an Direkter fir d'Organisatioun an d'Sécherheet.

Eng weider Neiegkeet ass d'Tatsaach, datt d'Sue fir de Fonctionnement vun der Maison du Grand-Duc, déi am Staatsbudget festgehale sinn, vum Joer 2021 un entspriechend den Dispositioune vum Budget, der Comptabilitéit an der Tresorerie vum Staat ausgefouert ginn.

Intressant ze wëssen ass och, datt speziell Policeunitéite fir de Persouneschutz an de Schutz vun de Sitte zoustänneg sinn, also dem groussherzogleche Palais a Schlass Bierg, déi dem Grand-Duc laut Verfassung vum Staat zur Verfügung gestallt ginn, a Schlass Fëschbech. D'Schlass Fëschbech gëtt vum Staat ënnerhalen, esoulaang et d'Residenz vum Ierfgroussherzog oder vum fréiere Grand-Duc ass.

Vun 2022 u verëffentlecht d'Maison du Grand-Duc all Joer en Aktivitéitsrapport, wou souwuel déi offiziell Aktivitéite vum groussherzoglechen Haff wéi och d'Ausgabe vum accordéierte Budget nozeliese sinn.

Gitt hei op d’Rubrik:

Fir méi gewuer ze ginn:

Neiegkeete vun der groussherzoglecher Famill