De Staatschef
De Grand-Duc ass de Staatschef vu Lëtzebuerg. Hie steet fir d'Identitéit vum Land, symboliséiert seng Onofhängegkeet, seng Eenheet an d'Kontinuitéit vum Staat.
An dëser Rubrik fannt Dir d'Aufgabe vum Grand-Duc a senger Funktioun als Staatschef zu Lëtzebuerg an am Ausland, d'Prinzippie vun enger konstitutioneller Monarchie, seng offiziell Residenzen, souwéi d'Erklärungen zum traditionellen Nationalfeierdag, den Dag, op deem de Gebuertsdag vum Grand-Duc gefeiert gëtt.