Den Nationalfeierdag a seng Traditiounen






Den 23. Juni gëtt zu Lëtzebuerg de Gebuertsdag vum Grand-Duc gefeiert. Dëse Festdag ass Ausdrock vun der Freed vun engem ganze Vollek. E besteet aus enger Mëschung vun Evenementer mat traditionelle Bräich: Militärparad, Te Deum, Fakelzuch a Freedefeier. Op dëser Säit fannt Dir d'Geschicht vum Nationalfeierdag.

© Maison du Grand-Duc / PANCAKE! Photographie
Nationalfeierdag: E Bléck op d'Geschicht
Obschonn den Nationalfeierdag hautdesdaags op den 23. Juni festgeluecht ass, war dat net ëmmer de Fall.
Zanter dem 18. Joerhonnert gëtt de Gebuertsdag vum Herrscher gefeiert, an dës Traditioun gouf och no der Erhiewung vu Lëtzebuerg zu engem souveräne Staat am Joer 1815 bäibehalen.
Den Dag vun de Feierlechkeeten huet awer am Laf vun de Joren ëmmer nees geännert:
- Vun 1816 un hunn d'Lëtzebuerger de Joresdag vun der Gebuert vum Kinnek-Groussherzog Guillaume I. de 24. Abrëll gefeiert.
- Ënner dem Guillaume II. war Nationalfeierdag de 6. Dezember.
- Ënner dem Guillaume III. gouf den Dag vum Gebuertsdag fir d'éischt op de 17. Juni festgeluecht, dunn awer vun 1860 un op den 19. Februar.
- Nodeems de Grand-Duc Adolph am Joer 1890 op den Troun komm war, gouf de Festdag op de 24. Juli geluecht.
- Ënner dem Guillaume IV. gouf den Nationalfeierdag um 22. Abrëll gefeiert.
- D'Marie-Adélaïde verleet d'Feierlechkeete vum Joer 1913 un op de 14. Juni.
- Mat der Grande-Duchesse Charlotte um Troun am Joer 1919, gëtt den 23. Januar zum Dag vun der Gebuertsdagsfeier. Am Joer 1947 gëtt den Dag vun der Feier vum Gebuertsdag vun der Grande-Duchesse zum Feierdag erkläert.
Den 23. Dezember 1961 gouf per groussherzoglechen Arrêté den Dag vun der Gebuertsdagsfeier op den 23. Juni festgeluecht, een Datum, deen och ënner den nächsten Herrschafte vum Grand-Duc Jean an dem Grand-Duc Henri bäibehale gouf. De Begrëff "Nationalfeierdag" fënnt een net an de Gesetzestexter: e gëtt als "Dag vun der offizieller Feier vum Joresdag vun der Gebuert vum Grand-Duc" beschriwwen. Am Sproochgebrauch vun de Lëtzebuerger ass den Dag als "Groussherzogsgebuertsdag" oder "Nationalfeierdag" bekannt.
Déi grouss Etappe vun de Feierlechkeeten
Virum Nationalfeierdag sinn eng Rei Receptiounen an Evenementer, bei deenen déi groussherzoglech Famill mam Vollek feiert.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Iwwerreechung vun den Auszeechnungen
De Grand-Duc verdeelt all Joer Medaile vum Ordre civil et militaire d'Adolphe de Nassau fir Persoune mat besonnesche Verdéngschter.
D'Feierlechkeeten um Virowend vun Nationalfeierdag
D'Feierlechkeete fänken um Owend vum 22. Juni un, mat der Visitt vun der groussherzoglecher Koppel an enger Gemeng baussent der Haaptstad. Duerno kënnt déi ganz groussherzoglech Famill an d'Stad Lëtzebuerg, fir beim Fakelzuch, dee vun de Veräiner vun der Haaptstad organiséiert gëtt, a beim Freedefeier dobäi ze sinn.