De Grand-Duc Henri bei den Olympesche Jugendspiller (JOJ) zu Dakar
14.11.2026
D’Olympesch Jugendspiller sinn e Freideg, den 13. November, op en Enn gaangen. Bei der Ofschlosszeremonie goufen d’Leeschtunge vu bal 2.700 Athletinnen an Athleten aus der ganzer Welt gewierdegt.
© Maison du Grand-Duc
© COSL
A senger Funktioun als Member vum Internationalen Olympesche Comité (CIO) war de Grand-Duc Henri zu Dakar fir déi Lëtzebuerger Delegatioun ze ënnerstëtzen. Bei dëse Spiller stinn nieft de sportleche Leeschtungen och déi olympesch Wäerter am Mëttelpunkt: Exzellenz, Frëndschaft a Respekt.
Als begeeschterte Sportsfrënd huet de Grand-Duc Henri sech d‘Kompetitiounen ugekuckt an d‘Lëtzebuerger Athlete begéint. Nom Ofschloss vun de Spiller gratuléiert de fréiere Staatschef de Lëtzebuerger Sportler June Nothum, Aaron Sahr an Emile Vanolst fir hir Leeschtungen a seet der Ekipp, déi si betreit huet, Merci fir hiren Asaz.
© COSL
Lëtzebuerg kënnt mat enger Sëlwermedail vun Dakar zeréck. Den Emile Vanolst huet se am Triathlon gewonnen.











