De Grand-Duc Henri bei der Aweiung vun der Por Reine Astrid zu Bréissel
05.11.2026
Dësen Donneschdeg huet de Grand-Duc Henri un der offizieller Aweiung vun der Por Reine Astrid (Drottning Astrids Församling) vun der schwedescher Kierch zu Bréissel deelgeholl. D'Zeremonie war Deel vun de Feierlechkeete vum 100. Joresdag vun der Hochzäit tëscht der Kinnigin Astrid an dem spéidere Kinnek Léopold III, souwéi vum 400. Anniversaire vun der Schwedescher Kierch am Ausland.
© Frederic Sablon Photography
Als Enkel vun der Kinnigin Astrid huet de Grand-Duc Henri zesumme mat senger Cousine, der Prinzessin Astrid vun der Belsch, un feierlechen Akt deelgeholl. Bei dëser Geleeënheet gouf en neie Portrait vun der Kinnigin Astrid souwéi eng Gedenkplack aus Messing virgestallt.
Dëst Evenement war och d‘Geleeënheet, fir un déi historesch Lienen tëscht de kinnekleche Famillje vun der Belsch, Schweden a Lëtzebuerg ze erënneren.











