De fréiere Chef d’État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi, de Generol Steve Thull, gouf an Audienz empfaangen
16.10.2026
Dëse Freideg huet de Grand-Duc Henri de Generol Steve Thull, fréiere Chef d’État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi, am Schlass zu Bierg empfaangen.
© Maison du Grand-Duc
No 39 Joer an der Arméi ass de Generol den 1. Oktober an d'Pensioun gaangen. A senger Funktioun als fréiere Kommandant vun der Arméi huet de Grand-Duc Henri dem Generol Thull fir säi virbildlecht Engagement an déi trei Déngschter, déi hien der Natioun am Laf vu senger Carrière erwisen huet, gratuléiert.
© Maison du Grand-Duc
Aktivitéiten | De Grand-Duc Henri
Zougangsastellungen
- Animatiounen
- Espace tëschent den Zeilen
- Schrëftaart (Dyslexie)
Sichen











