19.03.2026
De Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa bei enger Konferenz vum Dr. Mukwege
Dësen Donneschdeg waren de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa bei enger Konferenz vum Dr. Denis Mukwege, Gewënner vum Friddensnobelpräis 2018, déi vun der Fondation Alphonse Weicker am Siège vun der BGL BNP Paribas organiséiert gouf.
© BGL / Sophie Margue
Als international Symbolfigur am Kampf géint sexuell Gewalt géint Fraen, huet den Dr. Mukwege bei dëser Renconter, déi mat der Ënnerstëtzung vun der Madamm Chékéba Hachemi moderéiert gouf, seng laangjäreg Erfarung um Terrain mam Public gedeelt.
© BGL / Sophie Margue
Dësen Evenement ass fir d'Grande-Duchesse Maria Teresa vu besonnescher Bedeitung. Mat hirer Associatioun « Stand Speak Rise Up! » ass si ganz staark an dësem Domän engagéiert. Den Dr. Mukwege, Member vun hirem Verwaltungsrot, leescht en aktive Bäitrag zu dëser Initiativ, där hire Fokus dorop läit Iwwerliewender vu sexueller Gewalt weltwäit ze sensibiliséieren, ze mobiliséieren an z'ënnerstëtzen.





















