Direkt op den Haaptinhalt

27.10.2025

Reunioun vun den Ambassadeurs de Bonne Volonté vun der UNESCO

Op Invitatioun vun der Madamm Audrey Azoulay, Generaldirectrice vun der Unesco, huet d'Grande-Duchesse Maria Teresa e Méinden un der Reunioun vun den Ambassadeurs de Bonne Volonté vun der Unesco zu Paräis deel geholl.

© UNESCO / Yujuan Jing

D'Grande-Duchesse Maria Teresa ass am Joer 1997 « Ambassadrice » ernannt ginn, dat fir hiren Asaz fir d'Educatioun vun de Meedercher an d'Gläichheet vun de Geschlechter, ma och fir hire Kampf fir d'Rechter vun de Fraen an d'Mikrofinanzen. Fir hiren exemplareschen Engagement, gouf hiert Mandat bis 2026 verlängert.

© David Nivière

© UNESCO / Yujuan Jing