20.05.2026
Scheckiwwerreechung vum LCTO
E Mëttwoch huet d'Grande-Duchesse Maria Teresa d'Vertrieder vum « Luxembourg City Tourist Office » (LCTO) fir hir traditionell Scheckiwwerreechung am Kader vun de Summervisitten am Palais empfaangen.
(c) Maison du Grand-Duc
2025 hunn 9658 Leit de Palais an der Haaptstad besicht. Duerch d'Summervisitten, déi zënter 1977 vun der Stad organiséiert ginn, konnten esou 41.356,27 € gesammelt ginn, fir d'Projete vun der Fondation Henri - Maria Teresa ze finanzéieren.
Dëse Summer mécht de Groussherzogleche Palais seng Diere vum 18. Juli bis den 30. August fir de Public op. D'Vente vun den Tickete geet deemnächst op.
Aktivitéiten | D‘Grande-Duchesse Maria Teresa
Zougangsastellungen
Sichen












