04.10.2025
Trounwiessel | Grouss Feier um Glacis
D'Tournée vum neie Grand-Duc ass e Samschden den Owend, mat engem faarwefroue Spektakel an der Haaptstad, op en Enn gaangen.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey
Déi groussherzoglech Koppel huet d'Haaptstad zu Fouss erreecht, andeems si iwwer eent vun de Wouerzeeche vun der Stad - der Rouder Bréck - getrëppelt ass. Dës symboliséiert den Iwwergang tëscht deem Modernen an er Traditioun. Begleet gouf si vun engem spektakuläre Ballet aus Liicht a Musek. Op hirem Wee huet si aacht thematesch Tramme getraff mat 1.800 Persounen, déi all d'Facette vun der Lëtzebuerger Gesellschaft erëmspigelen an d'Koppel op hirem Wee iwwer d'Bréck begleet hunn. Den Andy Schleck a senger Fonctioun als Parrain, huet si bei d'Arrivée an d'Uewerstad begleet, wou de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer, dem Premier Luc Frieden an dem Vizepremierminister Xavier Bettel.
Nodeem dat lëftegt a reeneregt Wieder sech am Laf vum Dag verbessert hat, konnt déi mat vill Spannung erwaarten Droneshow den Himmel iwwert dem Glacis erliichten an a Biller duerstellen, wéi de Grand-Duc Henri dem Grand-Duc Guillaume eng Fakel iwwerreecht. Ënnert der Leedung vun der Marraine, Désirée Nosbuch, an dem Parrain, Philip Crowther, ass de Grand-Duc op d'Bün komm, wou hie sech un de Public geriicht huet an de berüümte Kaddo mat de Géigestänn entgéintzehuelen, déi si am Laf vum Dag kritt hunn.
Den Owend ass mat enger impressionnanter Show vu Lëtzebuerger Artisten op der Bün um Glacis op en Enn gaangen a war domat de kréinenden Ofschloss vun dësen zwee historeschen Deeg.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey