Op Visitt zu London | De Kinnek Charles empfänkt de Grand-Duc am Buckingham Palace

18.11.2026

Den 18. an 19. November ass Grand-Duc op Visitt zu London. Hie gëtt vun de Ministere Xavier Bettel a Gilles Roth begleet. D’Visitt ënnersträicht déi historesch Verbindungen tëscht Lëtzebuerg an dem Vereenegte Kinnekräich an huet als Zil, d’Zesummenaarbecht tëscht deenen zwee Länner ze stäerken.

55659679372_279f6abf07_k.jpg

© SIP / Frédéric Sierakowski

E Mëttwoch huet de Kinnek Charles III. de Grand-Duc am Buckingham Palace an Audienz empfaangen.

Duerno sinn de Grand-Duc an de Xavier Bettel an de Palace of Westminster gaangen, wou si sech mam Lord Forsyth of Drumlean, dem President vum House of Lords (Lord Speaker), ausgetosch hunn.

55661050413_f0d0148569_k.jpg

© SIP / Frédéric Sierakowski

Den éischten Dag ass mat enger Receptioun op en Enn gaangen, déi d’Lëtzebuerger Ambassade zu London am Institute of Directors organiséiert huet. De Grand-Duc huet do viru Vertrieder aus der Politik, der Wirtschaft an der Finanzwelt souwéi viru Membere vun der Lëtzebuerger Communautéit am Vereenegte Kinnekräich geschwat.

55661365640_a1f90f898e_k.jpg

© SIP / Frédéric Sierakowski

© SIP / Frédéric Sierakowski

© SIP / Frédéric Sierakowski

© SIP / Frédéric Sierakowski

© SIP / Frédéric Sierakowski

© SIP / Frédéric Sierakowski

© SIP / Frédéric Sierakowski

© SIP / Frédéric Sierakowski