50 Joer Association des écoles de Musique | De Grand-Duc empfänkt d’AEM an Audienz

24.11.2026

50 Joer Association des écoles de Musique | De Grand-Duc empfänkt d’AEM an Audienz

Bei Geleeënheet vum 50. Anniversaire vun der Association des écoles de Musique (AEM) huet de Grand-Duc dësen Dënschdeg Membere vum Exekutivbüro a Schüler, déi sech duerch hir musikalesch Leeschtungen ausgezeechent hunn, empfaangen.

audience_delegation_aem-23.jpg

© Maison du Grand-Duc

De Staatschef huet der Associatioun fir hiert laangjäregt Engagement fir de Museksunterrecht zu Lëtzebuerg felicitéiert, grad ewéi fir hir Roll, Jonker duerch d’Musek zesummenzebréngen an d’Passioun fir d’Musek un déi nächst Generatioune weiderzeginn. D’Vertrieder vun der AEM hunn dem Grand-Duc hir zukünfteg Projete virgestallt.

audience_delegation_aem-4.jpg

© Maison du Grand-Duc

audience_delegation_aem-5.jpg

© Maison du Grand-Duc

Zum Ofschloss vun der Audienz hunn déi jonk Museker e Concert ginn. Dobäi konnt de Grand-Duc sech vun hirem Talent an hirem Kënnen iwwerzeegen.