De Grand-Duc um Dag vum Bam zu Schëffleng
14.11.2026
Fir den Dag vum Bam war de Grand-Duc dëse Samschdeg zesumme mam Minister Marc Spautz am Naturschutzgebitt „Am Brill“ zu Schëffleng. D’Manifestatioun war Deel vun de Festivitéite ronderëm „150 Joer Schëffleng“ an huet d’Biodiversitéit an den industrielle Patrimoine vun der Gemeng an de Mëttelpunkt gestallt.
© Maison du Grand-Duc / Pancake! Photographie
Als Héichpunkt vum Evenement huet de Staatschef zesumme mat enger eelerer Persoun an engem jonke Pompjee eng Esp geplanzt. De Minister a Vertrieder vun der Gemeng waren dobäi. De Bam steet fir d’Verbonnenheet tëscht de Generatiounen a fir d’Zukunft vu Schëffleng. Fir d’Erënnerung un dëse Moment fir déi kommend Generatiounen ze erhalen, gouf och eng Zäitkapsel mat enger Foto vun dëser Aktioun gefëllt.
Am Laf vun der Visitt krut de Grand-Duc gewisen, wéi Villercher geschützt ginn a firwat se beréngt ginn. D’Schëfflenger Schmelzaarbechter an de FerroForum hunn ausserdeem gewisen, wéi e Bam aus Zénk gegoss gëtt. Dës Demonstratioun huet un dat industriellt Handwierk erënnert, dat d’Entwécklung vu Schëffleng mat gepräägt huet.
© Maison du Grand-Duc / Pancake! Photographie
© Maison du Grand-Duc / Pancake! Photographie
© Maison du Grand-Duc / Pancake! Photographie











