D'groussherzoglech Famill

De Grand-Duc

Gebuer

16. Abrëll 1955

am Schlass zu Betzder

Le Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc / Emanuele Scorcelletti

Biografie

De Grand-Duc Henri ass de 16. Abrëll 1955 am Schlass zu Betzder op d’Welt komm.

De Grand-Duc Henri, Prënz vun Nassau, Prënz vu Bourbon-Parma, ass den eelste Fils vun de fënnef Kanner vum Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte.

De 14. Februar 1981 huet hie sech an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg mat der Maria Teresa Mestre bestuet. Si hu fënnef Kanner:

Zanter dem 7. Oktober 2000 ass hie Staatschef vu Lëtzebuerg.

Cérémonie au Monument Grande-Duchesse Charlotte
© Fotografesch Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Déi groussherzoglech Koppel an déi ierfgroussherzoglech Koppel bei enger offizieller Zeremonie virum Monument vun der Grande-Duchesse Charlotte

Ausbildung an Auszeechnungen

De Prënz Henri ass an de Lycée zu Lëtzebuerg an a Frankräich gaangen, wou hien 1974 e Baccalauréat krut. Duerno war hien op der Royal Military Academy Sandhurst an England. Säit 1975 dréit hien de Grad vum Offizéier.

Le Grand-Duc Jean et le Prince Henri à Sandhurst
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

De Grand-Duc Jean an de Prënz Henri zu Sandhurst am Joer 1975

De Prënz Henri huet sech am Institut universitaire de hautes études internationales (HEI) op der Universitéit vu Genf an der Schwäiz ageschriwwen an huet 1980 mat enger Licence ès Sciences Politiques seng Studien ofgeschloss. Op der Universitéit huet de Prënz Henri seng zukünfteg Fra, d'Maria Teresa Mestre kenne geléiert.

1989 gëtt de Prënz Henri zum Éiere-Major vum Queen's Royal Parachute Regiment aus dem Vereente Kinnekräich ernannt.

Fiançailles du Prince Henri et Maria Teresa Mestre

De Grand-Duc huet seng zukünfteg Fra Maria Teresa Mestre wärend senge Studien zu Genf kenne geléiert

Duerno huet hien eng Rei Informatiouns- a Studiereesen an d’Ausland gemaach, virun allem an Amerika an a Japan.

Tëscht 1980 an 1998 sëtzt de Prënz Henri am Staatsrot, wat et him erlaabt, säi Wëssen iwwer d’Zesummespill vun den institutionellen a legislative Strukturen am Land ze verdéiwen.

Vun 1978 bis 2000 ass de Prënz Henri Éierepresident vum Comité de développement économique. An deem Kader mécht hie Prospektiounsreesen op déi fënnef Kontinenter mam Zil, den Image vu Lëtzebuerg ze fërderen. Esou kann hien aktiv dozou bäidroen, nei kommerziell Marchéë fir Lëtzebuerg ze erschléissen an och Investisseuren unzezéien. Säi Fils, de Prënz Guillaume,  huet dës offiziell Funktioun am Joer 2000 iwwerholl. De Grand-Duc setzt sech awer weider fir d’Promotioun vu sengem Land an, zumools wärend de Staatsvisitten.

La Reine d'Angleterre Élisabeth II en visite au Luxembourg

D'Kinnigin Elisabeth II op Visitt zu Lëtzebuerg

Trounwiessel

De 4. Mäerz 1998 gouf den Ierfgroussherzog Henri zum Lieutenant-Représentant vum Grand-Duc Jean ernannt, eng Funktioun, déi him, nom Ofleeë vum Eed op d'Konstitutioun, eng Bevollmächtegung fir verschidde Beräicher ginn huet. Dorop hat hie sech iwwer all déi Joren als Ierfgroussherzog virbereet.

Am Alter vun 79 Joer huet de Grand-Duc Jean dunn d'Decisioun geholl, no 35 Joer Herrschaft ofzedanken, a sengem eelste Fils den Troun ze iwwerloossen. D'Vereedegung war de 7. Oktober 2000 an der Chamber, wou de Grand-Duc Henri den Eed op den Artikel 5 vun der Konstitutioun ofgeluecht huet: "Je jure d'observer la Constitution et les lois du Grand-Duché de Luxembourg, de maintenir l'indépendance nationale et l'intégrité du territoire ainsi que les libertés publiques et individuelles."

A senger Trounried ass de Grand-Duc op d'Wäerter vun eiser Gesellschaft agaangen an huet betount, datt d'Fundamenter vun eiser Gesellschaft op Solidaritéit, Justiz, Toleranz, Respekt vis-à-vis vum Nächsten a Mënschlechkeet berouen.

Déi éischt Visitte vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse no der Vereedegung hu si a Frankräich (9.-10. Oktober 2000) an an Däitschland (11.-12. Oktober 2000) gefouert, wat déi wichteg Relatioun mat deenen zwee Nopeschlänner ervirgehuewen huet. Tëscht Abrëll 2001 a Juni 2002 hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse hir Joyeuses entrées duerch déi 12 Kantone vu Lëtzebuerg gemaach.

Portrait de S.A.R. le Grand-Duc
© 2017 Cour grand-ducale / Lola Velasco

Portrait vum Grand-Duc am Schlass zu Bierg

Funktioun an Aktivitéite vum Grand-Duc

Als Staatschef gesäit de Grand-Duc reegelméisseg d'Membere vun der Regierung an empfänkt auslännesch Ambassadeure fir hir Lettres de créance entgéintzehuelen oder si ze verabschiden. Hien huet och e reegelméissegen Austausch mat de Forces vives vum Land, wéi Perséinlechkeeten aus der Politik, der Ekonomie, dem soziale Liewen, der Wëssenschaft, der Kultur oder dem Sport.

De Kontakt mat de Lëtzebuerger ass e wichtege Bestanddeel am Alldag vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse.

Nieft dësen Entrevuen informéiert de Grand-Duc Henri sech iwwer all d'Facettë vum Liewen zu Lëtzebuerg duerch Visitte vun Institutiounen, Associatiounen an Ausstellungen. Hie geet op Concerten, akadeemesch Seancen an op Sporteventer. Um wirtschaftleche Plang geet de Grand-Duc reegelméisseg op Visitt an Entreprisen uechter d'Land, deels zesumme mam Ierfgroussherzog. Bei den Aktivitéiten, déi de sozialen oder humanitäre Secteur uginn oder d'ëffentlech Gesondheet, gëtt de Grand-Duc dacks vun der Grande-Duchesse begleet, zum Beispill bei Visitte vu Spideeler, Alters- oder Fleegeheemer.

Visite à l'atelier de soufflage de verre Pascale Seil
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

Juni 2019; Visitt vum Grand-Duc an der Glasbléiserei vum Pascale Seil zu Bäerdref

E wichtegen Aspekt vun der representativer Funktioun vum Grand-Duc sinn d'Staatsvisitten an offiziell Visitten, déi dem Staatschef d'Méiglechkeet ginn, d'Bezéiungen zu anere Länner opzebauen oder ze verdéiwen. D'Grande-Duchesse ënnerstëtzt de Grand-Duc a senger Funktioun, net nëmme bei offiziellen Aktivitéiten, mee och am Alldag.

Staatsvisitt am Chile 2017 © SIP / Charles Caratini

Staatsvisitt am Chile 2017

Staatsvisitt a Brasilien 2007 © SIP / Charles Caratini

Staatsvisitt a Brasilien am Joer 2007

Staatsvisitt an Norwegen © SIP / Nicolas Bouvy

Staatsvisitt an Norwegen am Joer 2011

Staatsvisitt vum Kinnek an der Kinnigin vun Holland zu Lëtzebuerg am Mee 2018 © Cour grand-ducale / Cyril Moreau / Bestimage

Staatsvisitt vum Kinnek an der Kinnigin vun Holland zu Lëtzebuerg am Mee 2018

De Grand-Duc an de President Macky Sall bei enger offizieller Visitt vum Grand-Duc am Senegal am Januar 2018 © SIP / Julien Warnand

De Grand-Duc an de President Macky Sall bei enger offizieller Visitt vum Grand-Duc am Senegal am Januar 2018

Staatsvisitt a Japan am Juni 2017 vum Grand-Duc an der Prinzessin Alexandra zu Éiere vum Keeser an der Keeserin vu Japan © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

De Grand-Duc an d'Prinzessin Alexandra mam Keeser an der Keeserin vu Japan op der Staatsvisitt a Japan am November 2017

Ried vum Grand-Duc fir Nationalfeierdag 2019 © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Ried vum Grand-Duc bei Geleeënheet vum Nationalfeierdag, Sonndes, den 23. Juni 2019

 

D'Roll vum Grand-Duc am Kader vun der Formatioun vun der Regierung ass duerch d'Verfassung festgeluecht. No de Parlamentswale bestëmmt de Grand-Duc de Gebräicher no de Premierminister. An deem Kader designéiert hie fir d'éischt en Informateur, oder hien ernennt direkt e Formateur. De Premierminister këmmert sech drëm, eng Regierung opzestellen, déi eng Majoritéit an der Chamber fanne wäert.

A senge Riede betount de Staatschef ëmmer nees déi Wäerter, déi d'Fundamenter vum Lëtzebuerger Land bilden: Toleranz, Respekt, Dignitéit a Solidaritéit.

De Grand-Duc ënnerhält sech mat Awunner vun Iechternach no den Iwwerschwemmungen am Juli 2021 © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

De Grand-Duc ënnerhält sech mat Awunner vun Iechternach no den Iwwerschwemmungen am Juli 2021

De Grand-Duc ënnerhält sech mat betraffenen Awunner no den Iwwerschwemmungen am Juli 2021 © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

De Grand-Duc ënnerhält sech mat betraffenen Awunner no den Iwwerschwemmungen am Juli 2021

De Grand-Duc besicht Veianen no de schlëmmen Iwwerschwemmungen © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

2021: De Grand-Duc besicht Veianen no de schlëmmen Iwwerschwemmungen

De Grand-Duc a Regierungsmemberen um Terrain mat den Affer vum Tornado vun 2019 zu Lëtzebuerg © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

2019: De Grand-Duc a Regierungsmemberen um Terrain mat den Affer vum Tornado zu Lëtzebuerg

 

An der traditioneller Chrëschtusprooch, déi op Hellegowend diffuséiert gëtt, riicht de Grand-Duc sech un d'Lëtzebuerger Residenten. Hie léisst dat vergaangent Joer Revue passéieren a beliicht dobäi esouwuel aktuell national Uleiessen, wéi och spezifesch Sujeten zum Theema Integratioun an Zesummeliewen.

De Grand-Duc riicht sech am Kader vun de Feierlechkeete vun Nationalfeierdag och un déi féierend Perséinlechkeete vun der Natioun.

A besonnesch schwierege Situatiounen, wéi wärend der Covid-19-Pandemie, riicht sech de Grand-Duc och un d'Bevëlkerung a mécht hinne Courage.

Zënter dem Trounwiessel am Joer 2000 dréit de Grand-Duc den Titel vum Generol vun der Lëtzebuerger Arméi.

Haut-Patronagen a spezifesch Interessien

Nieft sengen offiziellen a protokollareschen Aktivitéiten ënnerstëtzt de Grand-Duc duerch säin Haut-Patronage eng ganz Rei Associatiounen an de Beräicher Kultur, Sport, Wëssenschaft, Ëmwelt oder dem Sozialen. Hien ass un technesche Fortschrëtter interesséiert, sief et an der Medezin, der Kreeslafwirtschaft oder der Mobilitéit. Nohalteg Entwécklung an d'Bekämpfung vum Klimawandel leien him besonnesch um Häerz.

De Grand-Duc ass Member vum Verwaltungsrot vun der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse, vun där d'Grande-Duchesse Presidentin ass. D'Fondatioun huet sech als Missioun ginn, d'Integratioun vu Persounen an Nout a mat spezifesche Bedierfnesser an der Lëtzebuerger Gesellschaft ze fërderen. D'Fondatioun ënnerstëtzt awer och Projeten an Afrika an an Asien.

Gläichzäiteg hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse bei sëllegen Associatiounen zu Lëtzebuerg den Haut-Patronage iwwerholl, an d'Membere vun der groussherzoglecher Famill accordéieren dacks en Haut-Patronage bei punktuellen Evenementer.

Op internationalem Plang ass de Grand-Duc President vum Galápagos Darwin Trust Luxembourg an Éieremember vun der Generalversammlung vun der Fondation Charles Darwin. Dës Net-Regierungsorganisatioun setzt sech fir d'Erhale vun der Ëmwelt an der Biodiversitéit op de Galapagosinselen an.

De Grand-Duc ass och Member vun der Fondation Mentor, déi vun der Kinnigin Silvia vu Schwede gegrënnt gouf. D'Zil vun der Fondatioun, déi ënner der Schiermherrschaft vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO, World Health Organization) steet, ass d'Preventioun vum Drogekonsum vu Jugendlechen.

1998 ass de Grand-Duc dem internationalen Olympesche Comité (IOC) bäigetrueden. Wa säin Agenda et erlaabt, hëlt hien un de Reunioune vun de Membere vum IOC deel. Zanter 1999 ass hien och Member vun der Commission de la Solidarité Olympique. D'Promotioun vun den olympesche Valeuren ass dem Grand-Duc en Uleies an hien huet sech op sämtlech olympesch Summer- a Wanterspiller deplacéiert, fir d'Lëtzebuerger Athleeten ze ënnerstëtzen.

Visite de projets réalisés par natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d'Natur
© Photo Brigitte Michaelis / natur&ëmwelt

De Grand-Duc huet Projete besicht, déi vun natur&ëmwelt organiséiert sinn. D'Fondatioun Hëllef fir d'Natur huet sech dem Schutz vun der Natur an der Biodiversitéit verschriwwen a steet ënner dem Haut-Patronage vum Grand-Duc.

Famill

De Grand-Duc Henri kombinéiert säi Familljeliewe mat den Uspréch, déi d'Funktioun vum Staatschef un hie stellt.

De Grand-Duc ass Papp vu fënnef Kanner aus dem Bestietnes mat der Grande-Duchesse, a Grousspapp vu sechs Enkelkanner:

  • de Prënz Charles (gebuer den 10. Mee 2020) an de Prënz François (gebuer de 27. Mäerz 2023), Fils vum Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin,
  • d’Prinzessin Amalia (gebuer de 15. Juni 2014) an de Prënz Liam (gebuer den 28. November 2016), déi zwee Kanner vum Prënz Félix an der Prinzessin Claire vu Lëtzebuerg,
  • de Prënz Gabriel (gebuer den 12. Mäerz 2006) an de Prënz Noah (gebuer den 21. September 2007), déi zwee Kanner vum Prënz Louis vu Lëtzebuerg.

Am Joer 2010 huet de Grand-Duc d'Decisioun geholl, de Familljepakt vum Haus Nassau ze änneren, fir d'absolut Ierfrecht op dat éischtgebuerent Kand ze iwwerdroen. Domadder gëtt d'Gläichheet tëschent Männer a Frae betreffend d'Ierfschaftsrecht op den Troun garantéiert.

La Famille grand-ducale
© Cour grand-ducale / Lola Velasco

De Grand-Duc ass Papp vu fënnef Kanner a Grousspapp vu fënnef Enkelkanner

Interessien a Fräizäit

Dem Grand-Duc säi léifsten Zäitverdreif ass d'Literatur, d'klassesch Musek, d'Natur an de Sport: hie geet schwammen, spillt Tennis, fiert Schi a Waasserschi, mécht Seegelsport a fiert gäre Moto. De Grand-Duc geet och op d'Juegd, eng laang Traditioun an der Famill, duerch déi de Wëldbestand an d'Fauna a senge Bëscher gereegelt gëtt.

Trotz engem gutt gefëllte Kalenner probéiert de Grand-Duc ëmmer, esou vill Zäit wéi méiglech mat senger Famill ze verbréngen; dat si Momenter, déi hien immens genéisst an déi him et erlaben, ze entspanen an nei Kraaft ze fannen.

Le Prince Henri et le Prince Guillaume jouent au football
© Kollektioun vun der Cour grand-ducale

De Prënz Henri spillt Fussball mat sengem Fils, dem Prënz Guillaume

Fotoe vum Grand-Duc

De Prënz Henri op der Schueberfouer am Joer 1960 © Tony Krier

De Prënz Henri op der Schueberfouer am Joer 1960

De Prënz Henri mat senge Geschwëster © Privatkollektioun Cour grand-ducale

De Prënz Henri mat senge Geschwëster am Schlass zu Bierg

De Grand-Duc Henri mat sengen Elteren, Schwësteren a Bridder © Tony Krier

De Grand-Duc Henri mat sengen Elteren, Schwësteren a Bridder

Déi groussherzoglech Famill © Reginald Davis

Déi groussherzoglech Famill

De Prënz Henri an d'Maria Teresa Mestre zu Genf © Privatsammlung / Cour grand-ducale

De Prënz Henri an d'Maria Teresa Mestre zu Genf

De Grand-Duc Jean, d'Grande-Duchesse Charlotte, de Prënz Henri an de klenge Prënz Guillaume © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

De Grand-Duc Jean, d'Grande-Duchesse Charlotte, de Prënz Henri an de klenge Prënz Guillaume

De Grand-Duc Jean, d'Prënzekoppel an dee klenge Prënz Guillaume © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

De Grand-Duc Jean, d'Prënzekoppel an dee klenge Prënz Guillaume um Balcon vum Palais

 

Zäit fir eng kleng Tëschemoolzecht © Privatkollektioun

Zäit fir eng kleng Tëschemoolzecht: De Prënz Henri an de Prënz Guillaume

Portrait vum Prënz Henri © Reginald Davis

Portrait vum Prënz Henri

Dräi Generatiounen an der Schivakanz am Joer 1983 © Privatkollektioun

Dräi Generatiounen an der Schivakanz am Joer 1983 

Déi groussherzoglech Koppel © Privatkollektioun

Déi groussherzoglech Koppel

© Cour grand-ducale
De Grand-Duc an Australien am Joer 2000 © Privatkollektioun

De Grand-Duc an Australien am Joer 2000

Nationalfeierdag 2003 © LuxPress

De Grand-Duc an den Ierfgroussherzog bei Geleeënheet vun Nationalfeierdag 2003

Familljefoto © Privatkollektioun Cour grand-ducale

Familljefoto am Gaart vum Schlass zu Bierg

Familljefoto © Privatkollektioun Cour grand-ducale

Familljefoto am Gaart vum Schlass zu Bierg

De Grand-Duc an de Grand-Duc Jean wärend der Summervakanz 2015 © Cour grand-ducale / David Nivière

De Grand-Duc an de Grand-Duc Jean wärend der Summervakanz 2015

De Grand-Duc iwwerreecht engem Athlet eng Medail © Guy Wolff
De Grand-Duc an Australien am Joer 2000 © Privatkollektioun

De Grand-Duc an Australien am Joer 2000

De Grand-Duc an Australien am Joer 2000 © Cyril Bailleul

De Grand-Duc an Australien am Joer 2000

Ouverture vum Tunnel Stafelter © LuxPress

De Grand-Duc bei der Ouverture vum Tunnel Stafelter

De Grand-Duc bei engem Spadséiergank an der Natur © Cour grand-ducale / Cédric Allié
Meet Luxembourg © Luc Deflorenne

Meet Luxembourg en 2016

Déi groussherzoglech Koppel am Gaart vum Schlass zu Bierg © 2017 Cour grand-ducale / Lola Velasco

Déi groussherzoglech Koppel am Gaart vum Schlass zu Bierg

Visitt am Nuetsfoyer "Wanteraktioun" © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse am Nuetsfoyer "Wanteraktioun"

Aweiung vum Monument « Kaddish » © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Aweiung vum Monument "Kaddish", fir den Affer vun der Shoah Lëtzebuerg ze gedenken

50. Gebuertsdag vun der APEMH © Charles Caratini

Déi groussherzoglech Koppel bei Geleeënheet vum 50. Gebuertsdag vun der APEMH

Ouverture "House of StartUps" © House of StartUps

D’groussherzoglech Koppel bei der Ouverture vum "House of StartUps"

Salon Révélations © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Ouverture vum Salon Révélations zu Paräis am Joer 2019

Déi groussherzoglech Koppel © Cour grand-ducale
16. informell Reunioun vun de Staatscheffe vun den däitschsproochege Länner © Cour grand-ducale / Sophie Margue

16. informell Reunioun vun de Staatscheffe vun den däitschsproochege Länner zu Linz an Éisträich

Art Week 2019 © Cour grand-ducale / Sophie Margue

De Grand-Duc besicht d'Art Week am Joer 2019

De Grand-Duc zu Péiteng © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

2019 huet de Grand-Duc un der Gedenkzeremonie vum 75. Anniversaire vun der Befreiung vun der Gemeng Péiteng (Lëtzebuerg) deelgeholl

Maart vun Angoulême am Summer © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Déi groussherzoglech Koppel op Visitt um Maart vun Angoulême am Summer 2019

Suisse 2019 © Privatkollektioun

Schivakanz mat der Famill an der Schwäiz am Joer 2019

De Grand-Duc huet eng jonk Eil an der Hand © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
De Grand-Duc kuckt engem Villchen no © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Portrait vum Grand-Duc © Maison du Grand-Duc / Marion Dessard
 

Biografië vun der groussherzoglecher Famill

Biografie eroflueden

D'Aktivitéite vum Grand-Duc