
D’Grande-Duchesse
Gebuer 18 Februar 1984
zu Renaix an der Belsch
Biografie
D’Grande-Duchesse Stéphanie de Lannoy, gebuer den 18. Februar 1984 zu Renaix (Belsch), ass déi Jéngst vun aacht Kanner vum Grof de Lannoy († 10.01.2019) an der Gräfin de Lannoy, gebuer Alix della Faille de Leverghem († 26.08.2012). Si ass um Familljesëtz vun der Famill zu Anvaing an der belscher Provënz Hainaut opgewuess.

© Privatkollektioun
Den 20. Oktober 2012, bestit d'Gräfin Stéphanie de Lannoy sech an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg mam Ierfgroussherzog Guillaume a gëtt domadder Ierfgroussherzogin vu Lëtzebuerg. Mam Trounwiessel vum Grand-Duc Guillaume, den 3 Oktober 2025, gëtt si Grande-Duchesse.

Déi ierfgroussherzoglech Koppel um Balcon vum Palais
© 2012 SIP / Zineb Ruppert
D’Stéphanie an de Guillaume sinn Eltere vun zwee Jongen, de Prënz Charles, gebuer den 10. Mee 2020, an de Prënz François, gebuer de 27. Mäerz 2023. Déi Zwee sinn an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg op d'Welt komm.

© Maison du Grand-Duc / Christian Aschman

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Ausbildung
D'Grande-Duchesse huet hir Primärschoul an der École Sancta Maria zu Renaix an der Belsch gemaach. Hir Sekundarstudien huet si am Collège Sainte-Odile am Norde vu Frankräich ugefaangen, éier si an den Institut de la Vierge Fidèle zu Bréissel gaangen ass, wou si 2002 hiren Ofschlossdiplom krut. Am Alter vun 18 Joer geet si ee Joer op Moskau, wou si Sproochecoursen hëlt a russesch Literaturwëssenschaft studéiert. Si verdéift perfektionéiertan dëser Zäit och hiert Spill op der Gei. Ausser hirer Mammesprooch, Franséisch, schwätzt d’Grande-Duchesse fléissend Lëtzebuergesch, Däitsch an Englesch.

1991: Déi jonk Prinzessin Stéphanie
© Privatkollektioun
Si huet hiert Germanistikstudium op der Universitéit vu Louvain mat "grande distinction" ofgeschloss. Duerno goung si op d'Humboldt-Universitéit zu Berlin, wou si sech an hirer Diplomaarbecht mam Afloss vun der däitscher Romantik op déi russesch Romantik, um Beispill vum E.T.A. Hoffmann a Puschkin, befaasst huet. Si bleift zu Berlin a mécht e Praktikum bei der wallounescher Investitiouns- an Exportfërderungsagentur a schafft duerno fir eng Investmentgesellschaft.
Vun 2018 bis 2019 ass déi ierfgroussherzoglech Koppel zu London, wou d’Ierfgroussherzogin un enger Formatioun an der Konschtgeschicht am Sotheby's Institute deelhëlt.
Offiziell Aktivitéiten
D'Grande-Duchesse mécht déi meescht vun hiren Aktivitéiten zesumme mat hirem Mann, wat déi grouss Verbonnenheet bannent der Koppel weist.
Si hëlt un offiziellen Aktivitéite wéi dem Nationalfeierdag, de Neijoerschwënsch oder Staatsvisitten deel.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Bei de ville Wirtschaftsleche Mmissiounen, déi hire Mann als Ierfgroussherzog presidéiert huet a vum Wirtschaftsminister gefouert goufen, ob an Afrika, Asien, den USA oder Europa, war d’Prinzessin Stéphanie dacks u senger Säit. Si begleet och de Grand-Duc zu ville Gedenkfeieren a steet him bei de Missiounen zur Säit, déi hien am Grand-Duché an am Ausland ausféiert.

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Schutz vun de Kanner a Neurowëssenschaften
D’Grande-Duchesse interesséiert sech besonnesch fir de Kannerschutz an d’Neurowëssenschaften:
Et ass net nëmmen eng wëssenschaftlech oder medezinesch Fro, mee et geet ëm d‘Essenz vun eiser Gesellschaft: eis Kanner, eis Familljen, eis Zukunft. Als Mamm vun zwee klenge Jonge schenken ech dëser entscheedender Phas an hirer Kandheet eng ganz besonnesch Opmierksamkeet. Hei fänkt alles un. All Interaktioun, all Emotioun an all Erfarung dréit zu de Fundamenter vun hirer Entwécklung bäi, dinämmlecht Fundamenter, op deenen hiert spéidert Liewe berout.

D’Grande-Duchesse

© Maison du Grand-Duc
Et ass hir och ëmmer wichteg, dem medezineschen, therapeuteschen a wëssenschaftleche Personal Merci ze soen, dat sech den Erausfuerderunge vun de neurologeschen Entwécklungsstéierungen an de neurodegenerativen Erkrankunge stellt an deem seng Aarbecht an eiser Gesellschaft eng essenziell Roll spillt.

© Maison du Grand-Duc
An de Joren no der Covid-19-Pandemie huet d’Prinzessin Stéphanie zesumme mat hirem Mann vill Alters- a Fleegeheemer besicht, wou Persoune wunnen, déi wärend der sanitärer Kris dacks isoléiert waren.
D'Grande-Duchesse informéiert sech ausserdeem iwwer biologesch Landwirtschaft, wou si sech besonnesch fir verbessert Produktiounsmethoden interesséiert di d‘Ëmwelt manner belaaschten.d'Verbesserunge vun de Produktiounssystemer, fir d'Ëmweltbelaaschtung erofzesetzen, interesséiert Sou mécht si, zesumme mat hirem Mann, reegelméisseg Visitte bei lokale Biobaueren oder hëlt un akadeemesche Sëtzungen zum Theema deel.

D'Ierfgroussherzogin bei der Presentatioun vum Projet LeguTec
© SIP / Charles Caratini
Hiert Engagement fir d'Konscht

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
D'Grande-Duchesse ass faszinéiert vun der Konscht an dem Handwierk. Wéi si op Lëtzebuerg koum, huet si an dësem Beräich en aussergewéinlechen handwierklechen Knowhow fest gestallt, deen an der Ëffentlechkeet awer wéineg bekannt ass.

© Maison du Grand-Duc / PANCAKE! Photographie

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Adrien LGM
Dofir huet si decidéiert, sech dofir anzesetzen, datt d'Konscht an d'Handwierk opgewäert a gefërdert ginn. D'Grande-Duchesse Stéphanie sicht reegelméisseg den Austausch mat Artisten. Si setzt sech och fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Konscht op der nationaler an internationaler Bün an.
Si mécht sech fir sämtlech Beräicher vun der Konscht staark, sief et klassesch oder zäitgenëssesch Konscht, Molen, Konschthandwierk oder Fotografie.
2016 huet si d'Presidence vum Verwaltungsrot vun der Fondation Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean (MUDAM) ugeholl. Am Joer 2021, nodeem hiert Mandat ausgelaf ass, gëtt si Éierepresidentin, fir och an Zukunft enk mam MUDAM verbonnen ze bleiwen.

© Maison du Grand-Duc / Céline Maia
Aus Suerg datt den Knowhow am Konschthandwierk an Europa an zu Lëtzebuerg verluer geet, huet d'ierfgroussherzoglech Koppel am Joer 2016 eng Ausstellung organiséiert, déi als Zil hat, de Secteur vum Handwierk zu Lëtzebuerg ze revaloriséieren.
Well déi éischt Ausstellung e grousse Succès war, huet d'Koppel decidéiert, hiert Engagement zu Gonschte vum Konschthandwierk auszebauen duerch d'Grënnung vun der Associatioun "De Mains de Maîtres Luxembourg". Zousätzlech zu enger Biennale zu Lëtzebuerg an der Missioun, d'Handwierker ze ënnerstëtzen, organiséiert d'Associatioun Ausstellungen am Ausland, verdeelt Bourssen, organiséiert Popup-Storen, asw. Zil ass et, fir den aktive Kënschtler an Handwierker an hirem Beräich ze hëllefen, an awer och fir Jonker ze motivéieren, d'Aventure d'Aktivitéit vum Kënschtler an Handwierker mat Courage unzegoen.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Jan Schwarz, the Photonauts
Intressien a Fräizäit
D'Grande-Duchesse huet sech vu klengem u fir klassesch Musek interesséiert. Schonn als Kand huet si, mat der Hëllef vun hiren Elteren, Solfège geléiert, gradewéi Piano a Gei ze spillen. Als Jugendlech war si begeeschtert vum Liesen. Hir Kenntnisser vu verschiddene Friemsproochen hunn hir et erméiglecht, klassesch Wierker an hirer Originalsprooch ze entdecken an ze studéieren.
j. Zanter der Gebuert vum Prënz Charles a vum Prënz François spillen d’Kanner an d’Famill am Liewe vun der Grande-Duchesse eng wichteg Roll. Si appréciéiert d’Zäit di se mat hirer Famill verbréngt a wënscht sech, datt hir Jonge mat de Wäerter vu Famill a Respekt opwuessen, déi si mam Grand-Duc deelt.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey