Direkt op den Haaptinhalt

24.10.2025

Visite de Courtoisie an der Belsch: Palais Royal vu Bréissel

Fir hir éischt offiziell Auslandsrees, sinn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, begleet vum Minister Xavier Bettel, op Bréissel (Belsch) gefuer.

© SIP / Frédéric Sierakowski

Op der Place des Palais, hunn de belsche Kinnek an déi belsch Kinnigin déi groussherzoglech Koppel mat enger traditioneller Empfangszeremonie wëllkomm geheescht. Dës Rees ënnersträicht d'Wichtegkeet vun de bilaterale Relatiounen, déi op enger räicher an enk-verbonnener gemeinsamer Geschicht berouen.

© SIP / Frédéric Sierakowski

Bréissel ass déi éischt Etapp vun enger Serie vu Visites de courtoisie bei eisen Noperen an aner europäesche Partner. Nächst Etapp: Berlin.