D'Grande-Duchesse besicht d'Ausstellung « De la Sécession aux Iconomaques »
10.11.2026
Mat der Ausstellung « De la Sécession aux Iconomaques. L’art au Luxembourg entre 1930 et 1960 » presentéiert de Centre culturel Paul Barblé zu Stroossen eng Rei bemierkenswäert Konschtwierker, déi fir dës besonnesch Period an der Lëtzebuerger Konschtgeschicht stinn.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
Dësen Dënschdeg huet d’Grande-Duchesse Molereien a Skulpturen aus där Zäit vu Lëtzebuerger an däitsche Kënschtler kënne bewonneren, déi aus ëffentlechen a private Sammlunge stamen. Dës Konschtwierker weisen d'Diversitéit vun den artistesche Stréimungen an Aflëss, déi d'Konscht zu Lëtzebuerg an dësen dräi Joerzéngte gepräägt hunn.
© Maison du Grand-Duc











