D'Grande-Duchesse besicht den dropIn, de Service médico-psycho-social fir Sexaarbechter a Sexaarbechterinnen

14.10.2026

Um Mëttwoch huet d'Grande-Duchesse den dropIn vum Lëtzebuerger Roude-Kräiz op der Stater Gare besicht, de Service médico-psycho-social fir Sexaarbechter a Sexaarbechterinnen.

visite_dropin_croix-rouge-28.jpg

© Maison du Grand-Duc

Am Respekt vun der Anonymitéit an ouni ze jugéieren, bitt dës Struktur, zënter hirer Grënnung am Joer 1998, Sexworker e séchert a vertrauensvollt Ëmfeld. Si kënnen hei op eng breet Pallett u gratis Servicer zréckgräifen, déi hinnen et erméiglecht hir Gesondheet ze schützen an eng sozial Ausgrenzung ze bekämpfen.

Eng sozial a juristesch Begleedung, medezinesch Consultatiounen an d’Bereetstelle vun engem Rou-Raum stinn am Mëttelpunkt vun dësem Dispositif. Iwwer de Programm EXIT ënnerstëtzt den dropIn och déi Persounen, déi de Milieu verloosse wëllen, an hëlleft hinnen en neit Liewen unzefänken.

visite_dropin_croix-rouge-5.jpg

© Maison du Grand-Duc

visite_dropin_croix-rouge-10.jpg

© Maison du Grand-Duc

Den Asaz vun den Equippe geet och op der Strooss weider, wou si duerch hir Präsenz um Terrain Sensibiliséierungsaarbecht am Beräich vun der Präventioun leeschten an op d’Offer vum dropIn opmierksam maachen.

visite_dropin_croix-rouge-27.jpg

© Maison du Grand-Duc