E Käschtebam fir den éischten Anniversaire vum « Trounwiessel »
28.10.2026
Am Kader vum éischten Anniversaire vum « Trounwiessel » huet d'Fédération horticole Luxembourg (FHL) der Groussherzoglecher Koppel e Käschtebam geschenkt.
© Maison du Grand-Duc
Als Symbol fir Kontinuitéit a Laangliewegkeet gouf de Bam am Park vum Schlass Bierg geplanzt, a Presenz vu Vertrieder vun der Federatioun.
De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse soen der FHL en häerzleche Merci fir dës Initiativ, déi un en historeschen Ament an hirem Liewen erënnert.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc