De Grand-Duc vereedegt d’Madamm Carole Schmit, nei Direktesch fir Infrastrukturen a Patrimoine an der Maison du Grand-Duc

27.11.2026

De Grand-Duc vereedegt d’Madamm Carole Schmit, nei Direktesch fir Infrastrukturen a Patrimoine an der Maison du Grand-Duc

Dëse Freideg huet de Grand-Duc d’Madamm Carole Schmit vereedegt, déi zur Direktesch fir Infrastrukturen a Patrimoine an der Maison du Grand-Duc ernannt gouf. An dëser Funktioun gëtt si Member vum Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc, deen ënnert der Presidence vun der Maréchale de la Cour, der Madamm Sasha Baillie, steet.

20261127_assermentation_caroleschmit-09.jpg

© Maison du Grand-Duc

No der Zeremonie huet de Staatschef der Madamm Schmit felicitéiert an hir vill Erfolleg an hirer neier Funktioun gewënscht.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc