De Grand-Duc empfänkt d’Vertrieder vun der „European Coalition on Civil Preparedness and Resilience“
20.11.2026
Dëse Freideg huet de Grand-Duc d’Participante vun der véierter Reunioun vun der „European Coalition on Civil Preparedness and Resilience“ empfaangen. Si gouf op Initiativ vum Minister Léon Gloden zu Lëtzebuerg organiséiert.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
No der Reunioun zu Helsinki empfänkt de Grand-Duché, ee vun de Grënnungsmembere vun der Koalitioun, Ministeren an héich Regierungsvertrieder, déi fir déi bannenzeg Sécherheet, d’zivil Virbereedung an de Krisemanagement zoustänneg sinn.
Bei der Entrevue hunn d’Participanten dem Staatschef d’Aarbechte vun der Koalitioun virgestallt. D’Zil ass et, déi europäesch Länner besser op Krisen ze preparéieren an d’Resilienz vun hirer Bevëlkerung ze stäerken.
© Maison du Grand-Duc











