Am Artikel 55 vun der Verfassung ass festgehalen, datt dem Grand-Duc Residenzen zur Verfügung gestallt ginn, fir seng Funktiounen z’erfëllen. De groussherzogleche Palais an der Stad an d‘Schlass Bierg si fir de perséinleche Gebrauch: de Palais ass d’Aarbechtsplaz vum Grand-Duc, d’Schlass Bierg ass säin offizielle Wunnsëtz. D‘Schlass Fëschbech ass dogéint déi privat Residenz vun der groussherzoglecher Famill.