Direkt op den Haaptinhalt

Groussherzogleche Palais

Zanter 1895 ass de groussherzogleche Palais dem Grand-Duc seng Aarbechtsplaz wou hien seng Funktiounen als Staatschef erfëllt. D’Verwaltung vun der Maison du Grand-Duc ass och am Palais an den Annexen ënnerbruecht.

D‘Geschicht vum Gebai, dat verschidden Affektatiounen a Bauphase kannt huet, geet zeréck op den Ufank vun de 1570er Joren.

Zu där Zäit gouf dat aalt Gemengenhaus no der Explosioun vun enger Reserv mat Polver, deen am Späicher vum Franziskanerklouschter gelagert war an 1554 e Brand ausgeléist hat, komplett nei opgebaut. D’Fassad am Renaissancestil staamt aus där Zäit.

Am 18. Joerhonnert huet dat vergréissert Gemengenhaus fir d’éischt als zentral Administratioun gedéngt, duerno als Sëtz vun der Präfektur vum Département des Forêts, vun deem Lëtzebuerg zanter 1795 den Haaptuert war. Méi spéit war et de Sëtz vun der Regierung ënnert der Herrschaft vum Kinnek-Groussherzog Guillaume I., Prënz vun Oranien-Nassau. Ausserdeem huet d’Gebai als Sëtz fir verschidden Administratioune gedéngt, dorënner d’Provinzialstänn an als Chamber bis 1859.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Nom Doud vum Kinnek-Groussherzog Guillaume III. am November 1890 hat d’lëtzebuergesch Bevëlkerung d’Hoffnung, datt sech d’groussherzoglech Famill permanent zu Lëtzebuerg néierloosse géif. Allerdéngs huet de Grand-Duc Adolph sech net direkt an der Haaptstad installéiert. Dat aalt Gemengenhaus, als administrativt Gebai konzipéiert, huet net de Besoine vun engem prënzlechen Haff entsprach. Wat d’Schlass Walfer ugeet, esou huet sech dëst als ze fiicht an ze kleng erausgestallt, fir dat ganzt Personal vum Souverain ënnerzebréngen.

Porche d’entrée du Palais, avril 1939

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Cour grand-ducale / photographe inconnu

De Grand-Duc Adolph an d’Grande-Duchesse Adelheid Marie hunn haaptsächlech am Ausland gelieft: op de Schlässer Königstein am Taunus an Hohenburg a Bayern, souwéi an de Bade- a Kuurstatiounen Abbazia un der Adria a Santa Margherita um Golf vu Genua. Parallel dozou hat den Adolph Schlass Bierg vun der Kinnigin vun den Nidderlanden ofkaaft, wou sech den Ierfgroussherzog, de spéidere Guillaume IV., néiergelooss huet.

An dësem Kontext huet den Adolph ab 1891 den Ëmbau vum ale Gemengenhaus zu enger offizieller Residenz an d’Weeër geleet. Esou si keng Käschte fir de Bau vun engem neie Palais entstanen.

Façade du Palais grand-ducal pendant les travaux d’extension et de rénovation des années 1890

Photothèque de la Maison grand-ducale, droit commun / Charles Bernhoeft

Façade du Palais grand-ducal avant les travaux de transformation ordonnés par le Grand-Duc Adolphe

Photothèque de la Maison grand-ducale, droit commun / Charles Bernhoeft

Hien huet dobäi op d’Kompetenze vum Bréisseler Architekt Gédéon Bordiau zeréckgegraff, deen och schonn d’Ëmbauaarbechte vu sengem Schlass zu Königstein geplangt hat. De Bordiau huet zesumme mam Staatsarchitekt Charles Arendt (1825–1910) geschafft. D’Aarbechten, déi 1895 ofgeschloss goufen, hunn och de Bau vun engem neie Fligel ëmfaasst, spéider “Aile de Bade” genannt, a sou der jonker Dynastie e Palais verschaaft, deen dës Bezeechnung och verdéngt huet.

De groussherzogleche Palais ass mat apaarte Miwwelen a Konschtgéigestänn ekipéiert ginn, Schätz aus dem Haus Nassau, déi bis dohi verdeelt waren op de Schlässer Biebrich, Wiesbaden, Weilburg, Frankfurt, Walfer, a Wien. D’groussherzoglech Koppel huet sech den 2. Dezember 1895 offiziell am groussherzogleche Palais néiergelooss.
Projet de restauration de l’ancien Hôtel de Gouvernement à Luxembourg par l’architecte d’État Charles Arendt, 1891

Archives de la Maison grand-ducale, © Maison du Grand-Duc

Dësen Ëmbau huet och dozou bäigedroen, d’Dynastie fest an der nationaler Geschicht ze verankeren, déi deemools nach am Entstoe war.

Mat der Hëllef vum Historiker Nicolas van Werveke an dem Kënschtler Michel Engels ass de Bauprojet ronderëm en ikonographesche Programm entwéckelt ginn, deen un d’Geschicht vum Land erënnere sollt. De Grand-Duc Adolph, e Prënz vun däitscher Hierkonft, wollt esou seng Verbonnenheet mat Lëtzebuerg a säi Wëllen zur Integratioun ënnersträichen – duerch eng geschichtlech Symbolik, déi “an de Stee gemeesselt” gouf.

Dës Inzenéierung referéiert sech dobäi op wichtege Momenter aus der lëtzebuergescher Geschicht souwéi op heroesch Figuren ewéi d’Melusina, d’Gräfin Ermesinde, de Grof Henri VII. oder op de Jang de Blannen, déi an der Geschichtsschreiwung vum spéiden 19. Joerhonnert als Symboler vu Kontinuitéit a vun der Legitimitéit vun der Dynastie gëllen. Gläichzäiteg goufen och wichteg Momenter vum Changement mat abezunn, wéi den Dynastiewiessel ënner dem Philipp vu Bourgogne am 15. Joerhonnert.

 

Wéi Lëtzebuerg den 10. Mee 1940 vun der däitscher Wehrmacht iwwerfall ginn ass, ass d’groussherzoglech Famill an den Exil gaangen. De groussherzogleche Palais, un d’Stad Lëtzebuerg ofgetrueden, huet Fändele mam "Hakekräiz" op senger Fassad hänken. De Palais gouf an e “foyer d’artistes” an an e Concertssall ëmgebaut; zousätzlech ass an der haiteger Salle de la Balance e Wiertshaus ageriicht ginn.

La Grande-Duchesse Charlotte, le Prince Félix et le Prince Jean acclamés par la foule massée devant le Palais

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Germaine van Parys

Drapeau luxembourgeois flottant sur la façade du Palais

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Cour grand-ducale / photographe inconnu

Vun 1991 bis 1995 ass de groussherzogleche Palais hannert de Steeën verschwonnen.

La toiture du Palais grand-ducal sous la coupole provisoire installée lors des travaux de rénovation du début des années 1990

Collections privées, © Cour grand-ducale

Fresques découvertes lors du chantier de rénovation de la Salle d’Armes

Collections privées, © Cour grand-ducale

Façade du Palais grand-ducal lors des travaux de rénovation des années 1990

Collections privées, © Cour grand-ducale

D‘Architektemissioun gouf dem Daniel Gaymard (vu Stroossbuerg) an dem Robert Braun (vu Lëtzebuerg) uvertraut. D‘Aarbechten hunn sech op d’Fassaden an den Interieur konzentréiert, mat der Haaptiddi fir de Palais am Originalstil ze restauréiere fir un de Pomp ënnert dem Grand-Duc Adolph ze erënneren. De groussherzoglechen Haff ass an där Zäit provisoresch an d’Villa Vauban verluecht ginn, wou sech haut de Musée fir Konscht vun der Stad Lëtzebuerg befënnt.

La Salle des Fêtes dans les années 1970

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Cour grand-ducale / photographe inconnu

Premier étage du Palais grand-ducal au début des années 2000

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Cour grand-ducale / Emmanuel Scorceletti

Am Summer mécht de groussherzogleche Palais, Symbol vun der lëtzebuergescher Monarchie, seng Dieren op fir de Public, mat geféierte Visitten, déi vum Luxembourg City Tourist Office organiséiert ginn. De ganzen Erléis geet un d’Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse.

Ass eng Visitt am groussherzogleche Palais méiglech?

De Palais ass während engem Deel vum Joer op fir Visitten. Méi praktesch Informatioune fir Är Visitt ze preparéieren.

Den Interieur vum Palais

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Loftopname vum Palais

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Vue op d'Fassad vum Palais

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Vue op en Tuerm vum Palais

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Loftopname vum Palais

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue