Direkt op den Haaptinhalt

18.05.2026

D'Grande-Duchesse hëlt un hirer éischter Generalversammlung bei der Croix-Rouge deel

D'Grande-Duchesse hëlt un hirer éischter Generalversammlung bei der Croix-Rouge deel

Lescht Joer am November ass d'Grande-Duchesse Stéphanie offiziell d'Nofolleg vun der Grande-Duchesse Maria Teresa als Presidentin vun der Croix-Rouge ugetrueden, déi dës Fonctioun 20 Joer laang assuméiert hat.

© Maison du Grand-Duc

Um Méindeg huet d'Grande-Duchesse Stéphanie un hirer éischter Generalversammlung vun der Lëtzebuerger Croix-Rouge deelgeholl. Bei dëser Geleeënheet, krut d'Grande-Duchesse d'Prioritéite vun der Organisatioun fir déi kommend Méint virgestallt.