D’Grande-Duchesse um 80. Bazar vum Roude Kräiz
28.11.2026
Dëst Joer feiert den traditionelle Bazar vum Lëtzebuerger Roude Kräiz säin 80. Anniversaire.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Dëse Samschdeg huet d’Grande-Duchesse, Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, de Bazar besicht, ënner anerem a Begleedung vum Chamberpresident Claude Wiseler, vun de Ministeren Max Hahn a Stéphanie Obertin, a vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
Am groussen Zelt um Glacis huet d’Grande-Duchesse sech mat de ville Benevollen ausgetosch, déi mat hirem Engagement dës Traditioun vun der Solidaritéit erhalen. Bis e Sonndeg kënnen d’Visiteuren handgemaachte Kreatiounen, Kleeder a kulinaresch Spezialitéiten entdecken, esouwéi eng Fotoausstellung besichen.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Mat de Suen, déi duerch de Bazar gesammelt ginn, ënnerstëtzt d’Rout Kräiz seng Projeten zugonschte vu Kanner a Jonken a schwierege Liewenssituatiounen, zu Lëtzebuerg an och am Ausland.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey