D’Grande-Duchesse op der Luxembourg Art Week 2026

20.11.2026

D’Grande-Duchesse op der Luxembourg Art Week 2026

D’Luxembourg Art Week ass ee vun de wichtegste Rendez-vouse fir zäitgenëssesch Konscht zu Lëtzebuerg. Dëse Freideg huet d’Grande-Duchesse déi 12. Editioun vun dëser Konschtfoire um Glacis besicht.

visite_art_week_2027-2.jpg

© Maison du Grand-Duc

Mat 78 Aussteller aus 15 Länner gëtt d’Foire e breeden Abléck an déi modern an zäitgenëssesch Konscht. Galerien, Kulturinstitutiounen a Kënschtlerinnen a Kënschtler aus de verschiddenste Beräicher kommen hei zesummen.


Nodeems 2025 d’Konschtzeen vu Montréal am Mëttelpunkt stoung, leet d’Editioun 2026 e besonneschen Akzent op déi villfälteg Ausdrocksformen an der Fotografie.