D’Grande-Duchesse iwwerreecht d’Auszeechnunge vum Edward Steichen Award 2026

27.10.2026

D’Grande-Duchesse iwwerreecht d’Auszeechnunge vum Edward Steichen Award 2026

Dësen Dënschdeg huet d’Grande-Duchesse, zesumme mam Minister Eric Thill, un der Iwwerreechung vun den Edward Steichen Awards 2026 deelgeholl. Dës Auszeechnunge ginn all zwee Joer u jonk, opstriewend Talenter aus der europäescher Konschtzeen verginn.

2026_10_27-mgd-remiseprixedwardsteichen_low_023.jpg

© Maison du Grand-Duc / Pancake! Photographie

Fir dës Editioun hunn d’Juryen d’Nazanin Hafez mam „Edward Steichen Award European Resident“ an d’Alexandra Uppmann mam „Edward Steichen Luxembourg Resident in New York“ ausgezeechent.

Duerch dës Auszeechnungen, a mat der Ënnerstëtzung vum Fonds „stART-up“ vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, kréien déi zwou Kënschtlerinnen an nächster Zäit eng Plaz an der Residenz am International Studio & Curatorial Program (ISCP) zu New York, déi sechs respektiv véier Méint dauert.

2026_10_27-mgd-remiseprixedwardsteichen_low_031.jpg

© Maison du Grand-Duc / Pancake! Photographie

Dës Residenze ginn hinnen d’Méiglechkeet, fir hir Aarbecht weiderzeentwéckelen, aner Kënschtler kennenzeléieren an hiren internationale Reseau auszebauen. Dat ganz am Geescht vun der Offenheet an dem Austausch, déi och de Parcours vum Edward Steichen gepräägt hunn.