Déi Groussherzoglech Koppel empfänkt jonk Ambassadeuren vun UNICEF Lëtzebuerg
20.11.2026
Um Weltkannerdag hunn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse de leschte Freideg 15 Youth Ambassadors vun UNICEF Lëtzebuerg am Palais empfaangen. Déi Jonk sinn tëscht 14 an 19 Joer al a goufe vu Membere vun der Organisatioun begleet.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
Déi Jonk hunn hir Projete virgestallt, mat deenen si sech fir d’Kannerrechter asetzen. Am Gespréich goung et ënner anerem ëm d’Integratioun vu jonke Migranten an ëm d’Zesummeliewen.
Déi Groussherzoglech Koppel huet den Engagement vun den Ambassadeure gelueft an den Ekippe vun UNICEF Lëtzebuerg Merci gesot, well si déi Jonk bei der Ëmsetzung vun hire Projeten ënnerstëtzen.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc




















