Respekt a mënschlech Dignitéit | D’groussherzoglech Koppel op Besuch bei ATD Quart Monde Luxembourg
08.10.2026
Dësen Donneschdeg hunn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse, begleet vum Minister Max Hahn, de Sëtz vun der Associatioun Agir Tous pour la Dignité (ATD) Quart Monde Luxembourg zu Beggen besicht. D’ASBL ass zanter 1977 zu Lëtzebuerg aktiv a setzt sech géint Aarmut a sozial Ausgrenzung an.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Am Laf vun der Visitt hunn d’Membere vun der Associatioun der groussherzoglecher Koppel déi verschidden Aktivitéite vun ATD virgestallt, mat deenen d’Associatioun géint d’Aarmut virgeet, d’Rechter vu Mënschen a prekäre Liewenssituatioune verdeedegt an sech fir de Respekt vun der mënschlecher Dignitéit asetzt. D’Associatioun engagéiert sech dobäi besonnesch an de Beräicher Zougang zu der Kultur, Bildung a Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet. Eng zentral Roll spillt dobäi d’Bedeelegung vun deene Mënschen, déi selwer vun Aarmut betraff sinn.