D'Aktivitéitsrapporten

Den Arrêté grand-ducal vum 9. Oktober 2020 iwwert d’Institutioun vun der Maison du Grand-Duc präziséiert am Artikel 7, datt d’Maison du Grand-Duc am éischte Semester vun all Joer en Aktivitéitsrapport erausgëtt. Dëse befaasst sech mat den offiziellen Aktivitéite vum Grand-Du a vun de Membere vun der Famill, déi un offiziellen Evenementer deelgeholl hunn.
Am Kader vum Aktivitéitsrapport informéiert d’Maison du Grand-Duc och iwwer d’Ëmsetzung vum Budget, deen hir fir dat betreffend Joer zougesprach gouf.
Hei fannt Dir d’Aktivitéitsrapporte vun de leschte Joren: 2024, 2023, 2022, 2021
Mir wënschen Iech eng agreabel Lektür.
Liest hei weider
Zougangsastellungen
Sichen