D’Grande-Duchesse Maria Teresa bei der Iwwerreechung vum « Prix du Luxembourg pour la Finance Inclusive »

12.11.2026

Zwanzeg Joer no der éischter Iwwerreechung vum « Prix du Luxembourg pour la Finance Inclusive » stoung bei der Editioun 2026 déi finanziell Inklusioun vu jonke Leit am Mëttelpunkt. D’Grande-Duchesse Maria Teresa huet dësen Donneschdeg un der Zeremonie an der Europäescher Investitiounsbank deelgeholl.

2026_11_12-mgd-microfinance_award_low_044.jpg

© Maison du Grand-Duc / Pancake! Photographie

Bei der Zeremonie goufen Initiativen an de Mëttelpunkt gestallt, déi jonk Leit op wichtegen Etappe vun hirem Liewenswee begleeden, sief et beim Zougang zu engem Studium, beim Start an d’Beruffsliewen oder um Wee an d’wirtschaftlech Onofhängegkeet.

Mat 95 Kandidaturen aus 43 Länner ass dës Editioun op groussen Interessi gestouss. Déi dräi Finalisten, Chancen International (Ruanda), Fundación Paraguaya (Paraguay) an iFarmer Ltd. (Bangladesch), bidden innovativ Léisungen un, fir déi finanziell Inklusioun vu jonke Leit ze fërderen.

De Präis ass u Chancen International gaange fir e Projet fir de Finanzement vun de Studien ze vereinfachen. Mat hirem Modell mussen d’Studente keng Studiekäschten virstrecken. Si bezuelen de Montant méi spéit jee no hirem Akommes zeréck.

2026_11_12-mgd-microfinance_award_low_034.jpg

© Maison du Grand-Duc / Pancake! Photographie

D’Grande-Duchesse Maria Teresa, déi sech zënter laange Jore fir déi finanziell Inklusioun asetzt, huet deenen dräi Finaliste fir d’Qualitéit, den innovative Charakter an den Impakt vun hiren Initiative felicitéiert.