
D‘Grande-Duchesse Maria Teresa
Gebuer
22 Mäerz 1956
zu Havanna, Kuba
Biografie
Als Fra mat groussem Häerz an déiwer Iwwerzeegung, stellt d'Grande-Duchesse Maria Teresa de Schutz vu schwaache Mënschen an d'Verdeedegung vun de Rechter vu Fraen a Meedercher géint all Form vu Gewalt an de Mëttelpunkt vun hiren humanitären a sozialen Aktiounen.
D'Grande-Duchesse Maria Teresa ass eent vu véier Kanner vum Här José Antonio Mestre a senger Fra Maria Teresa Batista-Falla de Mestre.
De 14. Februar 1981 huet d'Maria Teresa Mestre den Ierfgroussherzog Henri an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg bestuet. Aus hirem Bestietnes gi véier Jongen an eng Duechter ervir:
- de Grand-Duc Guillaume (1981)
- de Prënz Félix (1984),
- de Prënz Louis (1986),
- d'Prinzessin Alexandra (1991),
- de Prënz Sébastien (1992).
De 7. Oktober 2000 gouf den Ierfgroussherzog Henri Grand-Duc vu Lëtzebuerg. Säitdeem dréit d'Prinzessin Maria Teresa den Titel "Grande-Duchesse vu Lëtzebuerg".
D'Grande-Duchesse Maria Teresa ass Groussmamm vu sechs Enkelen an zwou Enkelinnen:
- de Prënz Charles (gebuer den 10. Mee 2020) an de Prënz François (gebuer de 27. Mäerz 2023), de Jong vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie,
- d’Prinzessin Amalia (gebuer de 15. Juni 2014) an de Prënz Liam (gebuer den 28. November 2016), déi zwee Kanner vum Prënz Félix an der Prinzessin Claire vu Lëtzebuerg,
- de Prënz Gabriel (gebuer den 12. Mäerz 2006) an de Prënz Liam (gebuer den 21. September 2007), déi zwee Jonge vum Prënz Louis vu Lëtzebuerg,
- d’Victoire (gebuer den 14. Mee 2024), d‘Duechter vun der Prinzessin Alexandra vu Lëtzebuerg an dem Här Nicolas Bagory.

D'Maria Teresa mat hirer Mamm Maria Teresa Batista-Falla de Mestre
© Kollektioun Cour grand-ducale
Kandheet
Schonn a fréie Jore gouf d'Grande-Duchesse Maria Teresa fir sozial an humanitär Problematike sensibiliséiert, sou wéi dat an der Famill Traditioun ass. Hir Grousselteren Agustin Batista Y Gonzalez De Mendoza a Maria Teresa Falla Y Bonet hu sech schonn aktiv u philanthropeschen a kulturellen Aktivitéiten op Kuba bedeelegt. Hirem groussen Asaz ass ënner anerem d'Aféiere vu Gesondheetsämter, déi a benodeelegte ländleche Géigende gratis medezinesch Versuergung ubidden, ze verdanken. Hir Grousselteren hu sech och un der Grënnung vum Philharmoneschen Orchester vun Havanna bedeelegt a ware bis zur kubanescher Revolutioun deenen hiren Haaptsponsor.
Wéinst der Revolutioun vum Fidel Castro huet déi jonk Maria Teresa Mestre 1960 mat hiren Eltere José Antonio Mestre a Maria Teresa Batista-Falla de Mestre an hire Geschwëster Kuba verlooss. D'Famill mat spuenesche Wuerzelen huet sech zu New York néiergelooss, wou d'Grande-Duchesse Maria Teresa d'Marymount School besicht huet.
Vun 1961 u war si op der École Française zu New York. Am Juni 1965 ass d'Famill fir e puer Méint op e Familljesëtz am spuenesche Santander geplënnert, éier si sech definitiv zu Genf néiergelooss huet. Genau wéi hir Geschwëster Antonio, Luis a Catalina huet och d'Maria Teresa eng exzellent Ausbildung gehat. Wärend hire Papp am Finanzberäich aktiv war, huet hir Mamm, déi passionéiert vu Konscht a Literatur war, sech ëm d'Famill gekëmmert an hire Kanner d'Wäerter vum chrëschtleche Glawe bäibruecht.

Familljefoto. D'Grande-Duchesse Maria Teresa, ëmgi vun hiren Elteren, hire Bridder an hirer Schwëster
© Privatkollektioun Cour grand-ducale
Ausbildung
Vun 1961 un huet si op der École Française zu New York studéiert. Am Juni 1965 goung d'Grande-Duchesse Maria Teresa fir weider Etüde fir d'éischt an den Institut Marie-José zu Gstaad, dono an d'Internat Marie-Thérèse zu Genf, wou si am Juni 1975 de franséische baccalauréat gemaach huet. An der Tëschenzäit hat si och déi Schwäizer Nationalitéit ugeholl. Nom Secondaire huet si sech op der Universitéit vu Genf ageschriwwen, wou si Politikwëssenschafte studéiert huet. Wärend de véier Joer Studien op der Universitéit huet si hire spéidere Mann, de Prënz Henri vu Lëtzebuerg, kenne geléiert, deen an déi selwecht Coursë gaangen ass.
1980 kritt d'Grande-Duchesse Maria Teresa hiren Diplom an de Politikwëssenschaften, an de 7. November vum selwechte Joer, no hiren Universitéitsstudien, ass hir Verlobung ugekënnegt ginn.
Op Vältesdag 1981 huet d'Maria Teresa Mestre den Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg bestuet.

© Cour grand-ducale / Tony Krier
Humanitäert a soziaalt Engagement
Zënter hirer Hochzäit am Joer 1981, huet d'Grande-Duchesse Maria Teresa, ënner anerem duerch d'Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse, déi si bis 2025 presidéiert huet, sëllegen Aktiounen zu Gonschte vu Mënschen an Nout zu Lëtzebuerg an an der ganzer Welt lancéiert.