D'groussherzoglech Famill

De Prënz Louis

Gebuer

03. August 1986

an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg

Portrait du Prince Louis
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Presentatioun

De Prënz Louis Xavier Marie Guillaume, Prënz vu Lëtzebuerg, Prënz vun Nassau a Bourbon-Parma, ass den drëtte Fils vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa vu Lëtzebuerg. Seng Bridder a Schwëstere sinn:

Le Prince Louis enfant
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

De Prënz Louis als Kand

Aus sengem éischte Bestietnes mam Tessy Antony huet hien zwee Jongen: de Prënz Gabriel Michael Louis Ronny, deen den 12. Mäerz 2006 zu Genf op d'Welt komm ass, an de Prënz Noah Etienne Guillaume Gabriel Matthias Xavier, deen den 21. September 2007 zu Lëtzebuerg gebuer ass.

Prince Louis and his sons
© Cour grand-ducale / Hana Noguchi

De Prënz Louis mat senge Jongen, dem Prënz Gabriel an dem Prënz Noah

Ausbildung a professionell Aktivitéiten

No der Primärschoul zu Luerenzweiler ass de Prënz Louis an d'American School of Luxembourg gaangen. Duerno goung hien an de Schwäizer Collège Beau Soleil, wou hien am Juni 2005 seng Première gemaach huet.

De Prënz Louis schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch an hien huet ausserdeem gutt Spuenesch-Kenntnisser.

Wärend der Schoulzäit an der Schwäiz huet de Prënz Louis e grousst Intressi u sozialen an humanitären Theemen entwéckelt, an hien huet u Missiounen zu Mumbai an Indien deelgeholl, déi vun enger ONG an Zesummenaarbecht mat senger Schoul proposéiert goufen. Bei där Geleeënheet huet de Prënz Kanner an Aarmevéirel Englesch-, Mathematiks- a Sportscoursë ginn.

Portrait du Prince Louis
© Cour grand-ducale / Hana Noguchi

Portrait vum Prënz Louis

De Prënz Louis entscheet sech, sech weider am humanitäre Beräich ze engagéieren a mécht e Stage vun engem Joer beim Roude Kräiz zu Genf. Hie betreit ënnert anerem Gruppe vu Kanner a begleet eeler Mënschen.

2007 schafft de Prënz Louis bei der Administration des Biens de S.A.R. le Grand-Duc am Beräich vun der Forstwirtschaft. 2008 huet hie sech a Coursen op der Miami University Dolibois European Center zu Lëtzebuerg ageschriwwen.

No zwee Joer Openthalt an Amerika, wärend deenen de Prënz eng Ausbildung am Beräich vun der Aeronautik mécht, woubäi hien och eng Lizenz als Privatpilot krut, decidéiert hien, an England studéieren ze goen.

Le Prince Louis dans d’un planeur
© Cour grand-ducale / Charles Caratini / tous droits réservés

De Prënz Louis u Bord vun engem Seegelfliger vum type ARCUS

2014 kritt de Prënz Louis en Diplom a Kommunikatiounswëssenschaften zu Richmond, der internationaler amerikanescher Universitéit zu London. 2015 mécht hien eng Formatioun bei der European Landowners Organization, déi sech fir eng nohalteg Fërderung vu ländleche Regiounen an der Sensibiliséierung fir Ëmwelt- an Agrarfroen an Europa asetzt.

De Prënz Louis huet e Master a psychosoziale Studie vun der Birbeck University zu London. Duerch seng eegen Erfarungen an duerch Formatioune mam Béatrice Sauvegeot, enger unerkannter Expertin um Gebitt vun der Dyslexie, huet de Prënz Louis e grousst Versteesdemech fir dës Problematik an ënnerstëtzt Mënsche mat Dyslexie. Beim Forum international sur les troubles d’apprentissage, deen am Joer 2016 vun der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse organiséiert gouf, huet de Prënz Louis iwwer seng eegen Dyslexie geschwat.

1er Forum international à Luxembourg sur les troubles d'apprentissage
© Luxpress

De Prënz Louis schwätzt iwwer seng Dyslexie bei Geleeënheet vum éischte Forum international sur les troubles d'apprentissage zu Lëtzebuerg.

De Prënz Louis huet och en Diplom als Mediateur vun der kathoulescher Universitéit vu Paräis an den internationale Certificat vum Effective Dispute Resolution (CEDR). De Prënz huet als Beroder fir Laurent Meeschaert Conseil zu Paräis vun 2017-2019 geschafft an decidéiert dunn, sech selbststänneg ze maachen. Hien ënnerstëtzt Mënschen, hir Stäerkten a Schwächten ze erkennen an ze léieren, wéi se an hirem berufflechen Ëmfeld am beschte mat hirer Dyslexie ëmginn.

Parallel zu dësen Aktivitéiten huet de Prënz Louis am Summer 2020 mat dräi Associéen eng eege Mediatiounsfirma, SIBE Mediation, zu Paräis gegrënnt, déi d'Fachwësse vu Mediateure mam Fachwësse vu psychosozialen a juristeschen Experte verbënnt.

Offiziell Aktivitéiten

Esou dacks säi Kalenner him et erlaabt, hëlt de Prënz Louis deel u verschiddenen Aktivitéiten an Zeremonien, wéi Nationalfeierdag oder der Schlusspressessioun vun der traditioneller Oktav. Hien ass awer och bei de grousse Familljenevenementer dobäi, wéi bei de Feierlechkeeten zum honnertsten Trounjubiläum vun der Grande-Duchesse Charlotte am Joer 2019.

Le Prince Louis au Château de Berg
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

2019: D'Famill op Schlass Bierg bei de Feierlechkeeten zum honnertsten Trounjubiläum vun der Grande-Duchesse Charlotte

Bestrieft, d'Wäerter vum Sport ze ënnerstëtzen, huet de Prënz Louis den Haut-Patronage vun der Fédération luxembourgeoise de tennis de table (2004), der Fédération des arts martiaux (2010) an zanter 2011, der Fédération aéronautique luxembourgeoise iwwerholl. An deem Kontext geet hie reegelméisseg op sportlech Manifestatioune wéi d'Europameeschterschaft vum Dëschtennis am Joer 2017, de Kagami Biraki (Judo am Joer 2019), d'Coupe Prince Louis am Karate oder d'europäescht Turnéier vun de Junioren am Fechten am Joer 2019.

Zanter 2004 dréit de Prënz Louis den “Ordre du Lion d'Or de la Maison de Nassau” .

Remise de médailles aux vainqueurs du tournoi d'escrime
© Cour grand-ducale / Kary Barthelmey

2019: De Prënz Louis verdeelt d'Medailen un d'Gewënner vum europäeschen Turnéier vun de Junioren am Fechten

Interessen a Fräizäit

Als aktiven a begeeschterte Sportler huet de Prënz Louis eng besonnesch Passioun fir de Biergsport (Schi, Snowboarden a Klammen), mee och fir Dëschtennis, Kampfsport, Fechten, Reiden, Sporttauchen an d'Juegd. Ausserdeem ass de Prënz e leidenschaftleche Pilot.

Le Prince Louis a participé au Strongman
© Sportograf

De Prënz Louis beim "Strongman Run"

Fir de Prënz Louis ass d'Bildung vu senge Kanner gradesou eng Prioritéit wéi d'Vermëttele vu sozialen a Familljewäerter.

Fir de Prënz Louis ass d'Bildung vu senge Kanner gradesou eng Prioritéit wéi d'Vermëttele vu sozialen a Familljewäerter: de Respekt vis-à-vis vu sech selwer an de Matmënschen, de Wäert vun der Natur, d'Wichtegkeet, dat Schéint ze gesinn an e Gefill fir d'Ëmwelt ze kréien.

De Prënz Louis genéisst déi Momenter mat senge Kanner, bei Strategiespiller oder wann hien hinne Schi oder aner Sportaarte bäibréngt.

Prince Louis and his sons
© Cour grand-ducale / Lola Velasco

De Prënz Louis a seng Jongen am Gaart vum Schlass zu Bierg

Fotoe vum Prënz Louis

De Grand-Duc an de Prënz Louis © Privatkollektioun

1986: De Grand-Duc an de Prënz Louis

Déi groussherzoglech Koppel an de Prënz Louis © Privatkollektioun

1986: Déi groussherzoglech Koppel an de Prënz Louis

Familljefoto bei der Gebuert vum Prënz Louis © Privatkollektioun

1986: Familljefoto bei der Gebuert vum Prënz Louis

D‘Grande-Duchesse, de Prënz Guillaume, de Prënz Félix an de Prënz Louis © Reginald Davis

D‘Grande-Duchesse, de Prënz Guillaume, de Prënz Félix an de Prënz Louis

D’Grande-Duchesse an de Prënz Louis © Reginald Davis

D’Grande-Duchesse an de Prënz Louis

Ausfluch mat der Famill am Park © Reginald Davis

En Ausfluch mat der Famill am Park

De Grand-Duc an de Prënz Louis um Schlass zu Fëschbech © Reginald Davis

De Grand-Duc an de Prënz Louis um Schlass zu Fëschbech

D’Grande-Duchesse an de Prënz Louis © Privatkollektioun

D’Grande-Duchesse an de Prënz Louis

Portrait vum Prënz Louis © Cour grand-ducale / Lola Velasco

2017: Portrait vum Prënz Louis am Schlass zu Bierg

D’Grande-Duchesse an de Prënz Louis © Privatkollektioun

D’Grande-Duchesse an de Prënz Louis an der Vakanz

 

Biografie vun der groussherzoglecher Famill

D'Biografie eroflueden

D'Aktivitéite vum Prënz Louis