D'Monarchie

Uerden a Wopen

Op dëser Säit fannt Dir Informatiounen iwwer d'Entstoen an d'Bedeitung vun den Uerden a Wopen vum Haus Nassau.

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
Uerden

D'Maison grand-ducale verdeelt zwee Uerden, déi alle béid am 19. Joerhonnert geschafe goufen. Den Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau an den Ordre civil et militaire d'Adolphe de Nassau.

Ordre du Lion d'Or de la Maison de Nassau

Den Ordre du lion d'Or de la Maison de Nassau ass déi héchsten Auszeechnung vun der Maison grand-ducale an déi héchst Lëtzebuerger Auszeechnung.
Dës Auszeechnung ass de Membere vu Kinnekshaiser a Staatscheffe virbehalen, déi e besonnesche Verdéngscht fir de Grand-Duc a fir d’Land geleescht hunn.

Den Uerde gouf 1855 zesumme vum Guillaume III., Kinnek vun den Nidderlanden a Grand-Duc vu Lëtzebuerg a vum Adolphe, Herzog vun Nassau, agefouert, fir un d'Opdeelung vum Haus Nassau am Joer 1255 an zwou Branchen (Walramianer an Othonianer) z’erënneren. Dësen Uerden sollt 600 Joer méi spéit déi gutt Verstännegung tëscht deenen zwee bezeien. Den Uerden ass fir déi zwou Branchë vum Haus Nassau d'selwecht.

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Uerde vum gëllene Léiw vum Haus Nassau

Ordre civil et militaire d'Adolphe de Nassau

Mat herzoglechem Arrêté vum 8. Mee 1858 huet den Herzog Adolphe vun Nassau dësen Uerden ënner dem Numm "Nassauischer Militär- und Zivilverdienstorden Adolphes von Nassau" geschaaft.

Den Uerden ass benannt no sengem Virfar Adolphe vun Nassau, dee vun 1292 bis 1298 Kinnek vun Däitschland war.

De Grand-Duc ass de Groussmeeschter vum Uerden, dee geduecht ass, déijéineg ze belounen, déi sech duerch Trei a Verdéngschter ëm hien, säin Haus oder d'Land ervirgedoen hunn.

© Maison du Grand-Duc
Wope vum Grand-Duc Henri

Duerch groussherzoglech Arrêtéë vum 23. Februar an 23. Juni 2001, déi am groussherzogleche Palais vu Lëtzebuerg ënnerschriwwe goufen, huet de Grand-Duc Henri säin neit Wopen agefouert, dat et an dräi verschiddene Variante gëtt: dat klengt Wopen, dat mëttelt Wopen an dat grousst Wopen.

Klengt Wopen

A véier gedeeltent Wopen, am I a IV d'Wope vu Lëtzebuerg, zéngfach sëlwer a blo gesträift, doropper e roude Léiw mat gesplécktem, diagonal gekräizte Schwanz, mat gëllene Krallen, Zong a Kroun iwwer allem. Am II. an III. Véierel d'Wope vun Nassau, a bloer Faarf, mat gëllene Leeën, doropper e gëllene gekréinte Léiw, mat roude Krallen a rouder Zong. Iwwer dem Wopeschëld ass eng Kinnekskroun.

Mëttelt Wopen

Dat klengt Wopen, mat zwee Léiwen, déi d'Schëld halen, riets e gëllene gekréinte Léiw, deen zréck kuckt, mat roude Krallen an Zong an engem gespléckten, diagonal gekräizte Schwanz, lénks e gëllene gekréinte Léiw, deen no lénks kuckt, mat roude Krallen a rouder Zong.

Grousst Wopen

A véier gedeeltent Wopen, am I a IV d'Wope vu Lëtzebuerg, zéngfach sëlwer a blo gesträift, doropper e roude Léiw mat gesplécktem, diagonal gekräizte Schwanz, mat gëllene Krallen, Zong a Kroun iwwer allem. Am II. an III. Véierel d'Wope vun Nassau, a bloer Faarf, mat gëllene Leeën, doropper e gëllene gekréinte Léiw, mat roude Krallen a rouder Zong.

Op deem Ganzen en Häerzschëld mam Wope vu Bourbon-Parma a Blo mat dräi gëlle Lilien, mat engem roude Bord ronderëm, wou aacht sëlwer Muschelen drop sinn. Iwwer deem ganze Schëld ass eng Kinnekskroun, déi ëmginn ass vum Band a Kräiz vum "Ordre de la Couronne de Chêne".

Fir d'Schëld unzehalen ass riets e gëllene gekréinte Léiw, deen zréck kuckt, mat roude Krallen an Zong an engem gespléckten, diagonal gekräizte Schwanz, a lénks e gëllene gekréinte Léiw, deen zréck kuckt, mat roude Krallen a rouder Zong, déi alle béid e Lëtzebuerger Fändel mat gëllene Fränjelen droen.

Dat ganzt ass ëmgi vun engem, mat Hermelin ëmsate Purpurmantel mat gëllenem Rand, gëllene Fränjelen a gëllene Pomponschnéier, deen eng Kinnekskroun dréit, woubäi d'Fändel iwwer de Mantel erausstinn.

Fir méi gewuer ze ginn:
Méi iwwert déi groussherzoglech Famill gewuer ginn
Neiegkeete vun der groussherzoglecher Famill