D'Geschicht vun der Dynastie vun Nassau






Am Kader vun der Neiuerdnung vun de politesche Muechtverhältnisser an Europa ass um Wiener Kongress am Joer 1815 de Grand-Duché vu Lëtzebuerg geschafe ginn. E gouf dem Guillaume I., Prënz vun Oranien-Nassau, zougesprach an ass am Kader vun enger Personalunioun mat den Nidderlanden verbonne ginn.
Déi nidderlännesch Herrscher droen zanterhier och den Titel "Grand-Duc vu Lëtzebuerg", bis d’groussherzoglech Kroun am Joer 1890, no de Bestëmmunge vum Familljepakt vun 1783, un den eenzege männlechen Ierwen aus dem Haus Nassau, den Herzog Adolphe, iwwergeet. D’Wilhelmine, déi eelsten Duechter vum Guillaume III., iwwerhëlt den Troun vun den Nidderlanden, wou eng aner Ierffolleg gëllt.
18151815

Portrait vum Kinnek-Groussherzog Guillaume I.
Collections de la Maison grand-ducale, © photo : Maison du Grand-Duc
De Wiener Kongress huet am Joer 1815 de Grand-Duché geschaf, en onofhängege Staat, deen dem Kinnek vun den Nidderlanden, dem Guillaume I., Prënz vun Oranien-Nassau, als perséinleche Besëtz zougesprach gouf, als Ausgläich fir Territoiren, déi un d’Preisen ofgetruede goufen, “fir him a sengen Nofollger perséinlech a fir ëmmer a voller Proprietéit a Souveränitéit zouzestoen” (Artikel 67 vum Schlussakt vum Wiener Kongress). Am Aklang mam Familljepakt vun 1783 sinn d’Rechter am Haus Nassau ierflech.
183918151839
No de belsche Revolutiounsevenementer vun 1830 huet eng international Konferenz d’Onofhängegkeet vun der Belsch unerkannt an d’Deelung vu Lëtzebuerg virgeschloen.
1839 huet de Guillaume I. endlech den Traité ënnerschriwwen, deen dës Deelung an d’Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg sanktionéiert huet. Dobäi huet Lëtzebuerg bal d’Hallschent vu sengem Territoire un dat nei gegrënnte Kinnekräich Belsch ofgetrueden. D’perséinlech Unioun mat den Nidderlanden gouf bestätegt, grad esou wéi d’Zougehéieregkeet vu Lëtzebuerg zum Däitsche Bond.
184018391840
De 7. Oktober 1840 ass de Guillaume II. no sengem Papp op den Troun komm. Seng Herrschaft war zwar kuerz, mee duerch wichteg Reforme markéiert. Hien huet d’Grondlage vun den administrative Strukture geluecht, op deenen de Grand-Duché sech als Staat konnt entwéckelen, an huet 1842 de Bäitrëtt vu Lëtzebuerg an den Zollveräin, der Douane-Unioun mat Preisen, ratifizéiert.

Portrait vum Kinnek-Groussherzog Guillaume II
Collections de la Maison grand-ducale, © Maison du Grand-Duc
184118401841

Titelsäit vun der Publikatioun vum Mathieu-Lambert Schrobilgen iwwert d’Rees vum Kinnek-Groussherzog Guillaume II. op Lëtzebuerg am Juni 1841
Bibliothèque de la Maison grand-ducale, © Maison du Grand-Duc
De Guillaume I. huet wärend de fënnefanzwanzeg Joer vu senger Herrschaft ni an der Festungshaaptstad residéiert. D’Perséinlechkeet vu sengem Jong, dem Guillaume II., a säin Interessi fir de Grand-Duché hunn sech däitlech vun der Haltung vu sengem Virgänger ënnerscheet. Seng éischt Visitt huet am Juni 1841 stattfonnt, gefollegt vu weideren Openthalter an de Joren 1842, 1844, 1845 an 1846.
184218411842
D’Verfassung vun 1841 huet d’“Ständevertriedung” (“Assemblée des États”) agefouert, deenen hir Kompetenzen ënnert dem deemolege Regime vun der absolutter Monarchie awer staark limitéiert waren. D’Initiativrecht fir Gesetzesvirschléi louch exklusiv beim Kinnek-Groussherzog.
D’Parlament ass nëmme seelen zesummekomm, an d’Sëtzungen hunn hannert zouenen Diere stattfonnt. Déi éischt Sessioun huet de 7. Juni 1842 am Gemengenhaus, deemools ënnert dem Numm “Hôtel de Gouvernement” bekannt, stattfonnt, an der Präsenz vum Guillaume II., deen hei seng éischt “Ried vum Troun” zu Lëtzebuerg gehalen huet, op engem Troun, dee fir dës Geleeënheet speziell gebaut gi war.

Troun vum Kinnek-Groussherzog Guillaume II., 1842
Collections de la Maison grand-ducale, © photo: Christof Weber, 2007
184818421848
Am Kontext vun de revolutionäre Beweegungen, déi a Frankräich ausgeléist goufen, ass 1848 zu Lëtzebuerg eng nei Verfassung ugeholl ginn.

Éischt gedréckte Versioun vum Familljepakt, deen 1783 ënnerschriwwe gouf a 1786 erauskoum
Archives de la Maison grand-ducale, © photo : Maison du Grand-Duc
Si huet eng konstitutionell Monarchie agefouert an d’Attributioune vum Kinnek-Groussherzog op déi Pouvoire limitéiert, déi him an der Verfassung zougewise gi sinn, wärend de legislative Pouvoir vun do u vum Parlament ausgeüübt ginn ass. D’Funktioun vum Staatskanzler ass ofgeschaaft ginn.
Am Artikel 3 gëtt festgehalen, datt
d’konstitutionell Pouvoire vum Kinnek-Groussherzog an der Famill vum Guillaume II., Frédéric-Georges-Louis, Prënz vun Orange-Nassau, Kinnek vun den Nidderlanden, Grand-Duc vu Lëtzebuerg, no de Bestëmmunge vum Pakt vum Haus Nassau vum 30. Juni 1783 an am Aklang mam Artikel 71 vum Traité vu Wien vum 9. Juni 1815 verierflech sinn.
184918481849

Portrait vum Kinnek-Groussherzog Guillaume III.
Collections de la Maison grand-ducale, © photo : Maison du Grand-Duc
De 17. Mäerz 1849 ass de Kinnek-Groussherzog Guillaume II. verstuerwen. Hie war bei der Bevëlkerung geschat. 35 Joer méi spéit ass duerch d’Opriichte vun engem Monument vun him op engem Päerd op där Plaz, déi haut an der Stad säin Numm dréit, éierevoll un hie geduecht ginn. Säi Jong, de Guillaume III., ass no him op den Troun komm. Seng feierlech Entrée zu Lëtzebuerg huet am August 1853 stattfonnt.
185018491850
De 5. Februar 1850 ass de Prënz Henri vun Orange Nassau zum "Lieutenant représentant" vum Kinnek Groussherzog Guillaume III. ernannt ginn. Zënter sengem 15. Liewensjoer um Mier ënnerwee, hat hie schonn eng markant Karriär als Offizéier an der Marinn hannert sech. Nodeem hie bei enger feierlecher Sëtzung vun der Chamber 1848 den Eed op d’Verfassung geleescht hat, ass Schlass Walfer seng permanent Residenz zu Lëtzebuerg ginn, bis zu sengem Doud am Joer 1879.

Vue du château de Walferdange, représentée sur une assiette en porcelaine de Limoges réalisée par Jean Zens (1832–1916).
Collections de la Maison grand-ducale, © photo : Maison du Grand-Duc

Portrait vum Prënz Henri vun Oranien-Nassau
Collections de la Maison grand-ducale, © photo : Maison du Grand-Duc
186718501867
Prënz Henri huet d’Politik vu sengem Brudder geännert, andeems hien am Ausland d‘Onofhängegkeet vum Land verdeedegt huet.
Am Joer 1867, wéi den Napoleon III. d’Ambitioun hat, dem Kinnek-Groussherzog Guillaume III. Lëtzebuerg ofzekafen, huet den Otto von Bismarck sech géint dëse Projet gewiert. Fir e Krich ze verhënneren, hunn déi grouss Muechten zu London zesummefonnt an decidéiert, d’Neutralitéit vum Grand-Duché festzeleeën an domat seng Autonomie am europäesche Kader ze garantéieren.
188918671889

Postkaart mat der Assermentatioun vum Grand-Duc Adolphe bei senger éischter Regence am Abrëll 1889
Photothèque de la Maison grand-ducale, © photo : domaine public
Am Abrëll 1889 ass de Kinnek-Groussherzog Guillaume III. schwéier krank ginn.
D’Parlament vun den Nidderlanden huet de Kinnek als net méi regéierungsfäeg erkläert, an et huet missen eng Regence an d’Liewe geruff ginn.
Fir de Grand-Duché ass dës Aufgab un den Adolphe vun Nassau gaangen, deen deemools schonn als Ierwe vum groussherzoglechen Troun designéiert war. Dës éischt Regence, déi vum 8. Abrëll bis den 3. Mee 1889 gedauert huet, huet dem zukünftege Grand-Duc erméiglecht, d’Bevëlkerung an d’Institutioune vu Lëtzebuerg besser kennenzeléieren.
189018891890
Ufanks November 1890 huet den Zoustand vum Kinnek-Groussherzog Guillaume III. eng zweet Regence noutwendeg gemaach. Wéi schonn am Joer virdrun ass dës Regence un den Adolphe vun Nassau gaangen, deen de 6. November virun der Chamber den Eed ofgeluecht huet.

Portrait am Holzstéch vum Grand-Duc Adolphe am Joer 1890
Photothèque de la Maison grand-ducale, © photo : domaine public
Knapps dräi Wochen drop, de 23. November 1890, ass de Guillaume III. am Palais Het Loo bei Den Haag verstuerwen. D’Regence ass domat an eng Successioun iwwergaangen. Den Adolphe a säin eelste Jong, de spéidere Guillaume IV., sinn an d’Nidderlanden gereest, fir um Begriefnis vum Kinnek-Groussherzog zu Delft deelzehuelen. Eréischt no senger Heemrees konnt den Adolphe den an der Verfassung virgesinnenen Eed ofleeën.
D’Zeremonie huet de 9. Dezember 1890 am Gebai vun der Chamber stattfonnt an domat den Ufank vun enger neier Ära an der Geschicht vum Land markéiert: déi vun enger nationaler Dynastie, onofhängeg vum Troun vun den Nidderlanden.
189118901891

Photographie de la façade du Palais grand-ducal sous les échafaudages
Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : domaine public
Den Artikel 44 vun der Verfassung huet dem Kinnek-Groussherzog zwou offiziell Residenzen zu Lëtzebuerg zougesprach: d’Gemengenhaus an d’Walfer Schlass.
Béid hunn sech als net gëeegent fir d’Besoinen vun der neier groussherzoglecher Koppel erwisen, esou datt de Grand-Duc selwer d’Erweiderung an d’Renovéierung vum Palais an der Stad Lëtzebuerg finanzéiert huet. No de Pläng vum Gédéon Bordiau, dee scho fir d’Renovatiounen um Schlass vun der Grande-Duchesse zu Königstein zoustänneg war, huet de Staatsarchitekt Charles Arendt d’Aarbechten iwwerholl. Si hunn dem Gebai eng eenheetlech Fassad op der Rue du Marché-aux-Herbes ginn an en neie Fligel hanne bäigesat, de sougenannten "aile de Bade". D’Aarbechte sinn am Dezember 1895 ofgeschloss ginn.

Foto vum ale Gemengenhaus viru senger Restrukturéierung
Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : domaine public
189218911892

Reproduktioun vun de grousse Wope vun Nassau-Lëtzebuerg, gezeechent vum Heraldik-Kënschtler Heinrich Nahde (1835–1907)
Photothèque de la Maison grand-ducale © photo : domaine public
Mat sengem neien Titel als Grand-Duc vu Lëtzebuerg huet den Adolphe en neie Wope gebraucht.
Hien huet sech dobäi um Wopeschëld inspiréiert, dat sengem Virgänger mam selwechten Numm, dem Adolphe, réimesch-däitsche Kinnek (1255–1298), zoustoung. Um Haaptschëld gouf de Wope vun Nassau representéiert, wärenddeems de Wope vu Lëtzebuerg nëmmen op engem méi klénge Schëld an der Mëtt, e sougenanntent Häerzschëld, virkënnt. Dës éischt Versioun vun de Wopen huet awer keng allgemeng Zoustëmmung fonnt. Nei Wope goufen dowéinst ausgeschafft a sinn duerch en Arrêté vum 28. Juli 1898 offiziell festgeluecht ginn. Dës zweet Versioun wou d'Schëld a Véier gedeelt gouf ass ouni Ännerunge bis 2001 a Gebrauch bliwwen.
190018921900
Mat engem Arrêté vum 29. Dezember 1900 huet de Grand-Duc d’Prägung vun den éischte Mënzen aus Néckel an d’Weeër geleet, fir d’Bronzemënzen z’ersetzen, déi deemools am Ëmlaf waren.
Geschloe goufen d’5- an 10-Cent-Stécker, déi éischt, déi de Profil vun engem lëtzebuergesche Grand-Duc gedroen hunn, an dësem Fall dee vum Adolphe, an domat eng Traditioun ageleet hunn, déi bis haut Bestand huet. D’Gestaltung vun dësen éischte Stécker ass der Monnaie de Bruxelles uvertraut ginn, wou de graveur en chef Alphonse Michaux dësen éischte Portrait entworf huet.

5- an 10-Zent-Mënzen, 1901
Collections de la Maison grand-ducale, © photo : Maison du Grand-Duc
190219001902

LL.AA.RR. le Grand-Duc Henri et la Grande-Duchesse Héritière Stéphanie en visite au Salon du CAL à Limpertsberg en 2023
© Maison du Grand-Duc
De "Prix Grand-Duc Adolphe" ass 1902 op Propose vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde, selwer Molerin a Fërderin vun der Konscht, an d’Liewe geruff ginn a stellt eng wichteg Innovatioun fir d’kulturellt Liewe vu Lëtzebuerg duer.
Auszeechnunge goufen net nëmme fir Moler a Bildhauer virgesinn, mee och fir Architekten, Graveuren, Keramiker a Fotografen, déi vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) honoréiert goufen. Bis 1998 ass de Präis all Joer engem oder méi Kënschtler zougesprach ginn, déi um järleche Salon vum CAL ausgestallt hunn. Säit 1995 gëtt de "Prix Grand-Duc Adolphe" all zwee Joer iwwerginn.
D’Iwwerreechung fënnt traditionell am groussherzogleche Palais statt an de Präis gëtt vum Staatschef oder senger Fra un de Laureat iwwerreecht.
190519021905
Am Alter vun 88 Joer stierft de Grand-Duc Adolphe de 17. November 1905 a sengem Schlass Hohenburg a Bayern.

Photothèque de la Maison grand-ducale, © photo : domaine public
Well hie fir d’Begriefnis vu sengem Papp nach an Däitschland opgehale war, huet de neie Grand-Duc Guillaume IV. säin Eed virun enger Delegatioun vun der Chamber ofgeluet, déi op d’Plaz gereest war. An der Presenz vum lëtzebuergesche Staatsminister Paul Eyschen huet d’Assermentatioun vum neie Grand-Duc am Nomëtte vum 22. November 1905 stattfonnt.

Büst vum Grand-Duc Guillaume IV.
Collections de la Maison grand-ducale, © photo : Maison du Grand-Duc
190719051907

Portrait vum Groussherzog Guillaume IV.
Collections de la Maison grand-ducale, © photo : Maison du Grand-Duc
Wéinst enger Krankheet verschlechtert sech de Gesondheetszoustand vum Grand-Duc Guillaume IV. no an no.
Well säi Cousin, de Comte de Merenberg, säi Recht op den Troun wëll gëlle loossen a sech dobäi op d’Bestëmmunge vum Pakt vum Haus Nassau vun 1783 berifft, ännert de Guillaume IV. doropshin d’Ierffolleg a bestätegt duerch en neie Statut seng eelst Duechter, d’Prinzessin Marie-Adélaïde, als Trounfollgerin.
191119071911
No bal fënnef Joer Bauaarbechte bezitt d’groussherzoglech Famill Schlass Bierg.

Gesamtvue vum ale Schlass Bierg
Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : Maison du Grand-Duc

Vue vum ale Schlass Bierg, dat ënner dem Guillaume IV. duerch déi nei Residenz ersat gëtt, duergestallt op engem Porzeläinsteller aus Limoges, realiséiert vum Jean Zens (1832–1916).
Collections de la Maison grand-ducale, © photo : Maison du Grand-Duc
De 15. September 1911 kënnt de Grand-Duc Guillaume IV. mam Zuch iwwer d’Linn Lëtzebuerg–Ettelbréck an d'Schlass. Staark geschwächt gëtt hie bis dohi gedroen, wou hien de 25. Februar 1912 stierft. Seng Nofollgerin Marie-Adélaïde ass deemools eréischt 17 Joer al.
Als leschte männleche Vertrieder aus dem Haus Nassau-Weilburg fënnt hien seng lescht Rouplaz nieft senge Virgänger an der groussherzoglecher Krypta vun der protestantescher Kierch zu Weilburg.

Historesch Foto vu Schlass Bierg no de Rekonstruktiounsaarbechten
Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : domaine public
191219111912

D’Grande-Duchesse Marie-Adélaïde virun der Chamber den 18. Juni 1912
Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : domaine public
Nom Doud vum Grand-Duc Guillaume IV. iwwerhëlt d’Grande-Duchesse Marie-Anne d’Regence bis d‘Prinzessin Marie-Adélaïde de 14. Juni 1912 volljäreg ass. Um Dag vun hirem Trounwiessel gëtt si vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung häerzlech empfaangen. Laanscht de ganze Wee bis bei d’Chamber, wou d’Zeremonie stattfënnt, geheit d’Bevëlkerung Blummen op d’groussherzoglech Kutsch.

Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu (Charles Grieser ?) © photo : domaine public

Sigel vun der Grande-Duchesse Marie-Anne
Collections de la Maison grand-ducale, © photo : Maison du Grand-Duc
191419121914
Wärend Europa op en neie Konflikt zousteiert, rifft d’Grande-Duchesse Marie-Adélaïde, eng iwwerzeegt Bewonnerin vun der Croix-Rouge, ëmmer nees zu Donen op.

Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : domaine public
Am Nomëtte vum 3. August 1914 versammelt d’Grande-Duchesse vill Vertrieder vun de lokale karitativen Associatiounen zu enger informeller Reunioun am groussherzogleche Palais, mat der Iddi, eng lëtzebuergesch Sektioun vun der internationaler Croix-Rouge ze grënnen.
Op Initiativ vum Direkter vun der ARBED, Émile Mayrisch, a senger Fra Aline Mayrisch-de Saint-Hubert, entsteet d’Lëtzebuerger Croix-Rouge den 8. August 1914 ënner dem Patronage vun der Grande-Duchesse. An de Statute steet festgeschriwwen, datt Zaldoten, onofhängeg vun hirer Nationalitéit, solle versuergt ginn.
Sou hëlt d’Grande-Duchesse zesumme mat hire Schwësteren am Maréchalat vum Palais eng aktiv Roll bei der Fleeg vun de blesséierte franséischen an däitschen Zaldoten an.

Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : domaine public

Archives de la Maison grand-ducale © photo : Maison du Grand-Duc
191919141919

Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : domaine public
Nom Enn vum Éischte Weltkrich gesäit sech Lëtzebuerg mat revolutionären an annexiounistesche Stréimunge konfrontéiert, déi d’Onofhängegkeet vum Land a Gefor bréngen. An dëser onsécherer Zäit gëtt d’Positioun vun der Grande-Duchesse geschwächt, virun allem well déi alliéiert Regierungen hir eng pro-däitsch Haltung am Laf vum Krich virgeheien.

Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : domaine public
No enger Visitt um Quai d’Orsay zu Paräis bréngen den Émile Reuter a seng Regierung d’Iddi vun engem Trounwiessel op, deen net nëmme fir Rou an der Innepolitik suerge soll, mee och d’Roll vu Lëtzebuerg um internationale Plang nei definéiere soll. Trotz hirem Widderstand ënnerschreift d’Marie-Adélaïde hir Ofdankung, an hir Schwëster Charlotte trëtt de 14. Januar 1919 als nei Grande-Duchesse un. Dës Successioun gëtt duerch e Vott an der Chamber guttgeheescht, déi eng Delegatioun op Schlass Bierg schéckt fir d’Assermentatioun, well d’Haaptstad deemools als ze onsécher gëllt.
De Referendum vum 28. September 1919 confirméiert d’Herrschaft vun der neier Grande-Duchesse: 77,8 % vun de Wieler stëmme fir de Bestand vun der konstitutioneller Monarchie mam Charlotte als Grande-Duchesse. Dëst Walresultat ass vu besonnescher Bedeitung, well et déi éischte Kéier ass, datt dat allgemengt Walrecht gëllt, souwuel fir Männer wéi och fir Fraen.
193619191936
Den 10. Mäerz 1936 gëtt d’Maternité "Grande-Duchesse Charlotte" an der Presenz vun der groussherzoglecher Koppel ageweit. De Bau gëtt vun der Lëtzebuerger Croix-Rouge an hirer Vizepresidentin Aline Mayrisch-de Saint-Hubert initiéiert.

Symbolesche Schlëssel, vun der Croix-Rouge iwwerreecht als Erënnerung un d’Inauguratioun vun der Maternité “Grande-Duchesse Charlotte”
Collections de la Maison grand-ducale, © photo : Maison du Grand-Duc
D’Maternité "Grande-Duchesse Charlotte" ass nëmmen ee Beispill, wou d’groussherzoglech Famill hiren Numm u national bedeitend Projete vergëtt.
Sou kritt 1963 d'Roud Bréck, déi de Lampertsbierg mam Kierchbierg verbënnt, den Numm “Pont Grande-Duchesse Charlotte”. Esou droen och de MUDAM de Numm vum Grand-Duc Jean, an d’Philharmonie dee vun der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte.
193919361939

Photothèque de la Maison grand-ducale, Alex Wagner © Cour grand-ducale / Alex Wagner
1939 ass fir Lëtzebuerg, trotz der Menace fir de Fridden an Europa, e Joer vu ville Feierlechkeeten. Am Januar gëtt de Prënz Jean offiziell zum Ierfgroussherzog ernannt, wärend seng Mamm, d’Grande-Duchesse Charlotte, hir zwanzeg Joer Herrschaft feiert.

Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : Cour grand-ducale / tous droits réservés
Gläichzäiteg ginn d’Fester zum 100. Anniversaire vun der Onofhängegkeet organiséiert, déi sech vun Abrëll bis Juni zéien. Déi lescht Feierlechkeeten, déi fir September geplangt sinn, musse gestrach ginn, well déi béid Nopeschlänner an de Krich antrieden.
Dës Gedenkfeierlechkeete ginn de Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger zesumme mat hirer Grande-Duchesse d’Méiglechkeet, sech un d’Onofhängegkeet vum Land z’erënneren, déi duerch de Londoner Traité vun 1839 confirméiert gouf. Si stellen och e staarke Moment vu Patriotismus a vun nationalem Zesummenhalt duer, deen sech an der Persoun vun der Grande-Duchesse Charlotte selwer verkierpert, déi deemools ganz beléift war.
194019391940
Den 10. Mee 1940 besetzen däitsch Truppen trotz der Neutralitéit vum Land Lëtzebuerg. D’Grande-Duchesse Charlotte, begleet vun engem Deel vun der Regierung, geet doropshin an den Exil.

Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : Cour grand-ducale / tous droits réservés
Domat fänkt eng laang Rees un, déi d’groussherzoglech Famill duerch Frankräich an duerch Spuenie féiert, éier si endlech am Portugal ukënnt. De 15. Juli reesen de Prënz Félix an d’Kanner vun der groussherzoglecher Koppel an d’USA, u Bord vum amerikanesche Krichsschëff "Destroyer" USS Trenton. Ier si sech hirer Famill uschléisst, reest d’Grande-Duchesse Charlotte Enn August nach a Groussbritannien, wou si beim Kinnek George VI. fir hiert Land plaidéiert. Vun do aus hält d’Grande-Duchesse Charlotte de 5. September hir éischt Ried um Mikro vun der BBC, an där si sech op Lëtzebuergesch un hir Landsleit riicht, déi mëttlerweil ënner der Nazi-Herrschaft liewe mussen.
Ee Mount méi spéit, de 4. Oktober, kënnt d’Grande-Duchesse Charlotte mam Yankee Clipper, engem Hydrofliger vun der Pan American Airways, zu New York un. No e puer Méint an den USA léisst d’groussherzoglech Famill sech am Kanada néier, wou d’Kanner an d’Schoul ginn, wärend d’groussherzoglech Koppel sech Mol um amerikanesche Kontinent a Mol a Groussbritannien ophält.
194419401944
D’Prënze Félix a Jean spillen eng aktiv Roll bei der Befreiung vum europäesche Kontinent a sinn den 10. September alle béid bei der Befreiung vun der Stad Lëtzebuerg dobäi.
D’Grande-Duchesse kann aus Sécherheetsgrënn net un dësem historesche Moment deelhuelen, well um lëtzebuergesche Buedem nach schwéier Gefechter stattfannen. Op Rot vun de Membere vun hirer Regierung an den Alliéierte waart si zu London d’Enn vun de militäreschen Operatiounen of, éier si zeréck op Lëtzebuerg kënnt.

Rentrés d’exil, les Princes Jean et Félix saluent la foule depuis les fenêtres de l’Hôtel de ville
Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : Cour grand-ducale / tous droits réservés

Lettre du Président américain Franklin Delano Roosevelt à la Grande-Duchesse Charlotte
Archives de la Maison grand-ducale, © photo : Maison du Grand-Duc
Vu 1942 u schléisst de Prënz Félix sech dem Kommando Nord vun der brittescher Arméi un, an de Prënz Jean trëtt an déi Irish Guards an.
Am Mee 1944 gëtt de Prënz Félix zum Chef vun der lëtzebuergescher militärescher Missioun beim héchste Kommando vun den alliéierten Expeditiounstruppen (Supreme Headquarters Allied Expeditionary Force – SHAEF) ernannt; am August ass hien un der Säit vum Generol Leclerc bei der Befreiung vu Paräis dobäi. De Prënz Jean lant den 11. Juni mat sengem Regiment an der Normandie a bedeelegt sech u verschiddene Schluechten, ënnert anerem un där an den Ardennen.
194519441945
De 14. Abrëll, no fënnef schwéiere Joren am Exil, kënnt d’Grande-Duchesse zeréck op Lëtzebuerg.

Empfang vun der Grande-Duchesse Charlotte duerch de Premierminister Pierre Dupong bei hirer Heemrees aus dem Exil de 14. Abrëll 1945
Photothèque de la Maison grand-ducale, © photo : Victor Ahlen
Si gëtt vum Vollek begeeschtert empfaangen a sicht si de Kontakt mat der Bevëlkerung. Si mécht schonn am Mee en Tour duerch déi Dierfer, déi vun de schwéiere Gefechter vun der Schluecht an den Ardennen zerstéiert gi sinn.
No hirer Heemrees kritt si vill Ausdréck vu Bewonnerung a Matgefill: si huet eng besonnesch Plaz am Häerz vun de Lëtzebuerger fonnt, déi hir ëmmer fir hiren Asaz un der Säit vun den Alliéierte fir d’Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg z’erhalen dankbar bleiwen. Wärend dem Zweete Weltkrich léint d’Grande-Duchesse der Bevëlkerung hir Stëmm a gëtt d’Verkierperung vun der Resistenz vun dësem "klenge Land".

D’Grande-Duchesse Charlotte op Besuch zu Clierf, wou si hir Ënnerstëtzung fir d’Dierfer am Éislek weist, déi vum Krich schwéier getraff goufen
Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © SIP
194719451947
Déi protestantesch Herrscher aus der groussherzoglecher Famill sinn an der Familljekrypta zu Weilburg bäigesat ginn, dem historesche Familljesëtz vum Grand-Duc Adolphe senger Famill, deen sech haut am Land Hessen an Däitschland befënnt. Wärend déi kathoulesch Membere vun der Famill hir lescht Rou an der Krypta vun der Kathedral vu Lëtzebuerg fonnt hunn.

Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : Cour grand-ducale / tous droits réservés
Den 22. Oktober 1947 ginn am Kader vun enger feierlecher Zeremonie d’Särg vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde, déi am Januar 1924 zu Hohenburg gestuerwen an do bäigesat ginn ass, an der Grande-Duchesse Marie-Anne, déi am Juli 1942 am Exil an den USA gestuerwen an do bäigesat ginn ass, an d’Krypta vun der Kathedral vu Lëtzebuerg iwwerfouert. Si ginn do nieft de stierflechen Iwwerreschter vum Grof Jean vu Lëtzebuerg, genannt Jang de Blannen, bäigesat, dee schonn 1946 dohinner iwwerfouert ginn ass. Zanter dësem Datum ass d’Krypta vun der Kathedral vu Lëtzebuerg d’Begriefnisplaz vun de Membere vun der groussherzoglecher Famill.

Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : Cour grand-ducale / tous droits réservés
196219471962

Archives de la Maison grand-ducale, photo : © Maison du Grand-Duc
Fir d’éischt gëtt de "Gebuertsdag vum Souverain" den 23. Juni gefeiert.
Fir aus dësem Dag eng grouss Volleksfestivitéit ze maachen, ginn d’Feierlechkeeten an Zeremonien, déi bis dohin traditionell den 23. Januar, dem Gebuertsdag vun der Grande-Duchesse Charlotte, ofgehale gi sinn, an déi schéi Joreszäit verluecht. Den 23. Dezember 1961 gëtt per groussherzoglechem Arrêté den 23. Juni offiziell als "Dag vun der offizieller Feier vum Joresdag vun der Gebuert vum Grand-Duc" festgeluecht, onofhängeg vum Gebuertsdatum vum Staatschef.
196419621964
No 45 Joer um Troun decidéiert d’Grande-Duchesse Charlotte, zu Gonschte vun hirem Jong, dem Ierfgroussherzog Jean, ofzedanken. Den 12. November 1964 fënnt d’Zeremonie vum Trounwiessel an der Chamber statt.
De Grand-Duc Jean leet do de konstitutionellen Eed virun den Deputéierten, de Membere vun der Regierung an de Vertrieder vun de lëtzebuergeschen an europäeschen Institutiounen of, éier hien seng Ried vum Troun hält. Fir d’éischt an der lëtzebuergescher Geschicht gëtt dëse feierlechen Ament vun de Kamerae vun RTL festgehalen.
De Grand-Duc Jean ass scho säit ville Joren op seng nei Funktioune virbereet: 1951 gëtt hien als Member vum Staatsrot ernannt, an zanter dem 4. Mee 1961 iwwerhëlt hien d’Roll vum Lieutenant-Représentant. An dëser Funktioun üübt hie verschidden Attributioune vum Staatschef aus, dorënner d’Akkreditéierung vun de neien Ambassadeuren zu Lëtzebuerg.

D’Grande-Duchesse Charlotte ënnerschreift hir Ofdankung zu Gonschte vun hirem Jong, dem Ierfgroussherzog Jean

De Grand-Duc Jean hält seng Ried, nodeems hien säin Eed an der Chamber ofgeluecht huet
Photothèque de la Maison grand-ducale, © Tony Krier / Photothèque de la Ville de Luxembourg

D’groussherzoglech Koppel kritt den Applaus vum Vollek, nodeems de Grand-Duc Jean säin Eed ofgeluecht huet
Photothèque de la Maison grand-ducale, © Tony Krier / Photothèque de la Ville de Luxembourg
197719641977

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Photographe inconnu
An engem schwéiere wirtschaftleche Kontext, gepräägt vun der Stolkris, sicht Lëtzebuerg no neie Mäert a diversifizéiert gläichzäiteg seng Industrie; nodeems d’Land säi Räichtum a seng Reputatioun der Stolindustrie ze verdanken hat.
D’Regierung decidéiert en Organ ze schafen, dat sech speziell der wirtschaftlecher Promotioun vu Lëtzebuerg widmet, besonnesch vis-à-vis vun den amerikaneschen an asiatesche Mäert, déi sech deemools staark entwéckelen. Den Ierfgroussherzog Henri gëtt zum Éierepresident vum "Comité de Développement Économique" ernannt an hëlt an dëser Funktioun un der alleréischter Wirtschaftsdelegatioun deel, déi vum Grand-Duché organiséiert gëtt.
Schonn an de 1950er Jore spillt d’groussherzoglech Famill eng aktiv Roll an der wirtschaftlecher Entwécklung vu Lëtzebuerg: de Prënz Charles, de Jéngste vun der Grande-Duchesse Charlotte, hëlt un Handelsreesen deel, zesumme mat Membere vun der Regierung oder Vertrieder aus der Industrie, fir d’national Ekonomie ze fërderen.
198619771986
Den 8. Mee kritt d’Lëtzebuerger Vollek de Karlspräis vun Oochen, dee bei dëser Geleeënheet dem Grand-Duc Jean iwwerreecht gëtt. Fir d’éischt an der Geschicht geet dëse Präis, dee Perséinlechkeeten oder Institutiounen auszeechent, déi sech fir d’europäesch Integratioun asetzen, un e Land.
Méi wéi 1.200 Lëtzebuerger reese mat engem Spezialzuch, dem "Carolus Magnus", op Oochen, fir un dëser historescher Zeremonie deelzehuelen. Domat gëtt den europäeschen Engagement vu Lëtzebuerg unerkannt, 26 Joer nodeem de President vun der Chamber, de Joseph Bech, déi selwecht Auszeechnung krut, an 20 Joer éier och de Premierminister Jean-Claude Juncker domat geéiert gëtt.

Medail vum Karlspräis, deen 1986 un d’Lëtzebuergescht Vollek gaangen ass
Archives nationales de Luxembourg, © Christof Weber

Zeremonie vun der Iwwerreechung vum Karlspräis un de Grand-Duc Jean, 1986
Photothèque de la Maison grand-ducale, © photo : Lothar Schaack / tous droits réservés
199019861990

Photothèque de la Maison grand-ducale, © Tony Krier / Photothèque de la Ville de Luxembourg
Mir hun Iech gaer
Nom Doud vun der Grande-Duchesse Charlotte am Juli 1985 decidéiert d’Regierung, zu hirem Gedenken e Monument opzestellen. Eng national Ausschreiwung gëtt gemaach, fir jidderengem d’Méiglechkeet ze ginn, sech un dësem Hommage ze bedeelegen.
Vun de sechsanzwanzeg Projeten, déi am Kader vum Concours agereecht ginn, wielt den internationale Jury dee vum franséische Sculpteur Jean Cardot, Member vum Institut de France, aus. D’Skulptur, déi haut op der Clairefontainesplaz an der Stad Lëtzebuerg steet, gëtt vun der Fonderie de Coubertin zu Saint-Rémy-lès-Chevreuse realiséiert. D’Inauguratioun vum Monument Grande-Duchesse Charlotte fënnt de 29. Abrëll 1990 an der Präsenz vun der groussherzoglecher Famill, vu Membere vun der Regierung a vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg statt.
Um Sockel vun der Bronzestatu stinn dës Wierder: "Mir hunn Iech gaer", eng lescht Erklärung vu Léift vum Vollek un d’Grande-Duchesse Charlotte.

De franséische Sculpteur Jean Cardot bei der Aarbecht um Monument vun der Grande-Duchesse Charlotte
Photothèque de la Maison grand-ducale, photographe inconnu © photo : Cour grand-ducale / tous droits réservés
200019902000
De 7. Oktober 2000 trëtt de Grand-Duc Henri d’Nofolleg vu sengem Papp un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Staat un.

D’groussherzoglech Koppel an de Grand-Duc Jean begréissen d’Vollek vum Balcon vum groussherzogleche Palais aus
Photothèque de la Maison grand-ducale, SIP © SIP / tous droits réservés
Nodeems de Grand-Duc Jean seng Ofdankung ënnerschriwwen huet, fënnt d’Zeremonie vum Trounwiessel an der Chamber statt, ënnert den Ae vun de Kamerae vun RTL, déi d’Evenement live iwwerdroen. Nodeems hien de konstitutionellen Eed ofgeleet huet, hält de Grand-Duc Henri seng Ried vum Troun op Lëtzebuergesch, eng Ried, déi bis dohin traditionell op Franséisch virgedroe gouf.
Wéi scho säi Papp virun him, huet och de Grand-Duc Henri d’Méiglechkeet, sech op seng nei Funktioune virzebereeden. Als Member vum Staatsrot vun 1980 bis 1988 léiert hien d’institutionellt Fonctionnement vu Lëtzebuerg am Detail kennen; als Éierepresident vum "Comité de Développement Économique", eng Funktioun déi hien zanter 1977 ausüübt, leed hien eng grouss Unzuel u Wirtschaftsdelegatioune weltwäit; an als Lieutenant-Représentant zanter dem 4. Mäerz 1998 assuréiert hie scho bestëmmte Funktioune vum Staatschef, dorënner d’Akkreditéierung vun den Ambassadeuren zu Lëtzebuerg.

De Grand-Duc Jean ënnerschreift de groussherzoglechen Arrêté vun der Ofdankung
Photothèque de la Maison grand-ducale, SIP © SIP / tous droits réservés

De Grand-Duc Henri leet säin Eed an der Chamber of
Photothèque de la Maison grand-ducale, SIP © SIP / tous droits réservés
200120002001
Mat de groussherzoglechen Arrêtéë vum 23. Februar a vum 23. Juni 2001 ännert de Grand-Duc Henri d’Wope vum Souverain vu Lëtzebuerg, 109 Joer nodeems se vu sengem Urgrousspapp, dem Grand-Duc Adolphe, festgeluecht gi sinn.
An der neier, nach ëmmer gülteger Versioun ënnersträicht de Grand-Duc d’lëtzebuergesch Identitéit vum Souverain: d’Reiefolleg vun de Wope vun Nassau a vu Lëtzebuerg gi getosch, fir dem roude Lëtzebuerger Léiw d’Éiereplaz virum gëllene Léiw vun Nassau ze ginn. Dës "Lëtzebuergiséierung" vun de Wope vum Souverain stellt e markante symboleschen a visuelle Broch duer.

Déi nei Wope stellen d’lëtzebuergesch Verwuerzelung vun der Dynastie an de Vierdergrond
Service Presse, © photo : Maison du Grand-Duc
200220012002
Zanter der Aféierung vum Euro den 1. Januar 2002, droen all lëtzebuergesch Mënzen op hirer nationaler Säit de Portrait vum Grand-Duc.
Dës Praxis gëtt och an der Belsch an an Holland ugewannt. Déi zwee Profiller vum Grand-Duc, déi noeneen entstinn, stamen aus der Hand vun der Kënschtlerin Yvette Gastauer-Claire. Op den Euro-Mënzen ass de Grand-Duc Henri no riets geriicht, wärend säi Papp, de Grand-Duc Jean, op de Lëtzebuerger Frangen no lénks geriicht war.

Présentation des nouvelles pièces en euros aux Pays-Bas
Photothèque de la Maison grand-ducale, Tom Wagner © Tom Wagner / SIP
200920022009
Am Dezember 2008 huet de Grand-Duc Henri decidéiert, seng Ënnerschrëft net ënnert d’Gesetz iwwer d’Euthanasie ze setzen, dat vun den Deputéierte gestëmmt gi war, well et fir hien e Gewëssenskonflikt duergestallt huet.
Fir d’Fonctionnement vun den Institutiounen net ze blockéieren, ass eng punktuell Ännerung vun der Verfassung gemaach ginn: den Artikel 34, an deem et geheescht huet "de Grand-Duc sanctionéiert a promulgéiert d’Gesetzer", ass geännert ginn, andeems de Begrëff "sanctionéieren" gestrach gouf.
Doduerch konnt de Grand-Duc de Gesetzestext ënnerschreiwen, ouni géint seng perséinlech Iwwerzeegungen ze goen. Dës eenzel Verfassungsännerung huet gläichzäiteg d’Diskussioun iwwert eng méi ëmfaassend Reform vun de Verfassungsartikelen ausgeléist. D’Gesetz iwwert d’Euthanasie ass du vum Grand-Duc am Mäerz 2009 promulgéiert ginn.
201120092011
Obwuel d’Prinzessinnen zanter den Ännerungen, déi de Grand-Duc Guillaume IV. 1907 agefouert huet, Grande-Duchesse kënne ginn, bleift d’Ierffolleg op den Troun laang esou gereegelt, datt männlech Ierwen ëmmer virgezu ginn. De groussherzoglechen Arrêté vum 16. September 2010 ännert dës Reegelung grondsätzlech: vun do u gëllt, datt dat eelst Kand vun der groussherzoglecher Koppel op den Troun klëmmt, onofhängeg vu sengem Geschlecht.
202320112023

© Chambre des Députés / Anthony Dehez
Den 1. Juli 2023 trëtt déi nei lëtzebuergesch Verfassung a Kraaft.
Si ass a véier eegestänneg Kapitelen ënnerdeelt. D’Attributiounen, Kompetenzen a Pouvoire vum Grand-Duc sinn am Kapitel III festgehalen, deem säin zweete finale Vott schonn den 22. Dezember 2022 stattfënnt.
Hei fannt Dir am Detail seng konstitutionell Attributiounen. .
202520232025
Den 3. Oktober 2025 dankt de Grand-Duc Henri of zu Gonschte vu sengem eelste Jong, dem Ierfgroussherzog Guillaume.
Virun der Chamber leet den Ierfgroussherzog säin Eed of a gëtt domat offiziell zum Staatschef. No dësem Akt dréit hien déi Pouvoiren a Flichten, déi an der Verfassung virgesi sinn. Hie gëtt de Guillaume V., Grand-Duc vu Lëtzebuerg.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey
Liest hei weider
Zougangsastellungen
Sichen