01.06.2026
Audienz vun den Offizéier-Schüler vun der United States Military Academy at West Point
E Méindeg huet de Grand-Duc eng Delegatioun vun Offizéier-Schüler vun der amerikanescher Militärakademie vu West Point empfaangen, déi vun den Offizéier begleet goufen, déi si betreien. Déi zukünfteg Offizéier reesen den Ament duerch Europa a gedenken dobäi de verschiddenen Etappe vum Zweete Weltkrich.
© Maison du Grand-Duc
Hire Parcours huet zu Auschwitz ugefaangen - dem Symbol vun den däischterste Stonne vun der Mënschheet - a wäert déi Jonk bis an d'Normandie féieren, bei d'Feierlechkeete vum 82. Gedenkdag vum Debarquement.
De Staatschef an d'Offizéier-Schüler hu sech iwwer hir géigesäiteg Erfarungen ënnerhalen, déi si op der Royal Military Academy Sandhurst respektiv zu West Point gesammelt hunn. De Grand-Duc huet och d'Wichtegkeet vun den europäesche Valeuren iwwer de Fridden, d'Fräiheet an d'Kooperatioun ervirgestrach, an huet un de Sacrifice vun de Millioune jonken amerikaneschen Zaldoten erënnert, déi un der Befreiung vun Europa bedeelegt waren.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
D'United States Military Academy gouf 1802 gegrënnt. Si ass déi eelst Militär-Akademie an den USA an eng vun de prestigiéisten op der Welt. Zu de fréiere Schüler zielen ënner anerem de Generol vun der Arméi a 34. President vun den USA, Dwight D. Eisenhower, sou wéi och de Generol George S. Patton, de legendäre Kommandant vun den amerikaneschen Truppen am Zweete Weltkrich, deen um Militärkierfecht zu Hamm begruewen ass.












