De Grand-Duc empfänkt de Pierre Heiliger fir säin Engagement fir d'Sécherheet vun de Kanner am Stroosseverkéier
17.11.2026
Dësen Leschten Dënschdeg huet de Grand-Duc de Pierre Heiliger an Audienz empfaangen. De fréiere Polizist huet sech iwwer Joerzéngte fir d'Sécherheet vun de Kanner am Stroosseverkéier zu Lëtzebuerg agesat.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
An den 1960er Joren huet de Pierre Heiliger ënner anerem d’Figur vum « Norry » geschaf, e fiktive Schouljong, deen déi Jonk op d’Geforen am Stroosseverkéier opmierksam gemaach an hinne wichteg Reegelen a Rotschléi fir hir Sécherheet mat op de Wee ginn huet. Op dës Initiativ sinn am Laf vun de Joren eng Rei weider Preventiouns- a Sensibiliséierungscampagnen opgebaut ginn, déi dozou bäigedroen hunn, d’Verhalen am Verkéier positiv ze veränneren an d'Sécherheet vun de Kanner op eise Stroossen ze stäerken.
De Staatschef huet dem Här Heiliger fir säi laangjäregen Engagement a säi Bäitrag zur Preventioun vu Verkéiersaccidenter an zum Schutz vun de Jéngsten zu Lëtzebuerg Merci gesot.
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
- Animatiounen
- Espace tëschent den Zeilen
- Schrëftaart (Dyslexie)
Sichen











