De Grand-Duc beim 50. Anniversaire vum CHL

12.11.2026

De Grand-Duc beim 50. Anniversaire vum CHL

Zënter 50 Joer begleet de Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL) d'Entwécklung vun der Medezin an der Gesondheetsversuergung am Grand-Duché. De Grand-Duc huet dësen Donneschdeg un der Feier am Cercle Cité deelgeholl, déi am Kader vum 50. Anniversaire vum CHL organiséiert gouf. Op der Feier waren ënner anerem de President vun der Chamber, Claude Wiseler, d'Ministesch Martine Deprez an d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer dobäi.

50-ans-chl-12-novembre-2026-020.jpg

© CHL

Dës Feier huet d'Geleeënheet gebueden, fir op déi wichteg Etappe vun der Entwécklung vum CHL zeréckzekucken an den Engagement vu Generatioune vu Fachleit aus dem Gesondheetssecteur ervirzehiewen. Mat Bléck op d'Zukunft goung et och ëm d'Roll vun der kënschtlecher Intelligenz an hiren Afloss op d'Wëssenschaft an d'Medezin.

livre-50-ans-chl.jpg

© CHL

De Staatschef dréckt all deene Leit seng Unerkennung aus, déi sech Dag fir Dag dofir asetzen, de Patientinnen a Patienten eng héichwäerteg Betreiung ze bidden.

© CHL

© CHL

© CHL

© CHL

© CHL

© CHL

© CHL