De Grand-Duc empfänkt Vertrieder vun der FNEL a vun de LGS

17.11.2026

De Grand-Duc empfänkt Vertrieder vun der FNEL a vun de LGS

A senger Funktioun als Chefscout vu Lëtzebuerg huet de Grand-Duc dësen Dënschdeg an zwou Audienzen déi nei Responsabel vun deenen zwou Scoutsfederatiounen empfaangen. Hien huet fir d’éischt de Bob Schimberg an de Philippe Berscheid vun der Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg (FNEL) empfaangen, an duerno d’Cathy Weber an de Charel Majerus vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS).

audience_fnel-1.jpg

© Maison du Grand-Duc

audience_lgs-1.jpg

© Maison du Grand-Duc

De Grand-Duc huet hinnen zu hiren neie Funktioune gratuléiert. D’Vertrieder vun deenen zwou Federatiounen hunn him hir Prioritéite virgestallt, fir de Scoutismus zu Lëtzebuerg an iwwer eis Grenzen eraus ze stäerken a weiderzeentwéckelen. Si hunn him och d’Projete virgestallt, déi si zesumme mat ONGen a lokale Scoutsgruppe wëllen ëmsetzen.