Kontakt
All Korrespondenz un de Grand-Duc oder e Member vun der groussherzoglecher Famill souwéi un de Maréchalat de la Cour kënnt Dir per Post u follgend Adress riichten:
Maréchalat de la Cour
Palais grand-ducal
17, rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 LuxembourgTél.: (+352) 47 48 74- 1 (Telefonszentral)
B.P.:
Maréchalat de la Cour
B.P. 331
L-2013 LuxembourgFir weider Froen oder Commentairë kënnt Dir de Formulaire ënnen op dëser Säit ausfëllen.
Am Prinzip muss all offiziell Invitatioun, déi un e Member vun der groussherzoglecher Famill geriicht ass, per offizielle Bréif un de groussherzogleche Palais, un d'Maréchale de la Cour adresséiert ginn. An där Demande musse follgend Informatioune präziséiert ginn: den Numm vum invitéierte Member vun der Famill, Detailer zum Evenement, den Datum, d'Uertschaft, souwéi all aner nëtzlech Detailer fir d’Organisatioun.
Nodeems d’Demande am Palais ukomm ass, gëtt se vum Bureau vum Protokoll a Courrier ënnersicht, deen sech duerno beim Organisateur zeréckmellt.
D‘Division Imprimés et fournitures de bureau du Centre des technologies de l’information de l’État (CTIE) këmmert sech ëm d‘Diffusioun vun de Fotoen un all staatlech Administratiounen.
All aner interesséiert Entitéit ka sech per E-Mail un de CTIE wenden, op dëser Adress: diffusion@ctie.etat.lu
Fëllt de Formulaire aus:
Bei de mat Stärercher (*) markéierte Felder handelt et sech ëm Flichtfelder.
Liest hei weider
Zougangsastellungen
Sichen












