Direkt op den Haaptinhalt

Ass eng Visitt am groussherzogleche Palais méiglech?

Vue aérienne sur le Palais grand-ducal

Preparéiert är Visitt

De Palais ass während engem Deel vum Joer 2026 op fir Visitten. Méi praktesch Informatioune fir Är Visitt ze preparéieren.

Ass eng Visitt am groussherzogleche Palais méiglech?

De groussherzogleche Palais ass nëmmen zu bestëmmten Zäite fir Visiteuren op.

A wéi enge Sprooche ginn d'Féierungen ugebueden?

Wärend den Ouvertureszäite ginn all Dag Féierungen a verschiddene Sproochen ugebueden: Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch.

Wéi vill kascht eng Visitt am groussherzogleche Palais?

Erwuessener: 18€

Kanner vu 4 bis 12 Joer: 9€

Fir Kanner ënner 4 Joer ass d'Visitt gratis.

De ganzen Erléis geet un d’« Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse ».

Wou kann ech Billjeeë fir eng Visitt am Palais kafen?

D'Billjeeë kënnt Dir am Accueil vum Luxembourg City Tourist Office (Place Guillaume II) oder online op dem Site vun dem Luxembourg City Tourist Office kafen (De Link geet an enger neier Fënster op).

Ass eng Visitt fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit méiglech?

Jo, eng Visitt am groussherzogleche Palais ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit méiglech (Accès iwwert e Lift).

Fir weider Informatiounen, kontaktéiert wgl.:

Luxembourg City Tourist Office
30, place Guillaume II
L-1648 Luxembourg
touristinfo@lcto.lu
Tél : (+352) 22 28 09

Méi gewuer ginn iwwert d’groussherzoglech Residenzen

Entdeckt eis Rubrik iwwert d'Residenzen a taucht an d’Geschicht vum Groussherzogleche Palais, Schlass Bierg a Schlass Fëschbech an.

Méi gewuer ginn iwwert d’groussherzoglech Residenzen