D'Fondatioun Kriibskrank Kanner mam « Prix Lions » 2026 ausgezeechent

20.05.2026

D'Fondatioun Kriibskrank Kanner mam « Prix Lions » 2026 ausgezeechent

Bei der Iwwerreechung vum « Prix Lions » 2026 gouf d'Fondatioun Kriibskrank Kanner fir hir deeglech Betreiung vu kriibskranke Kanner a Jugendlechen, sou wéi hire Familljen ausgezeechent. E Mëttwoch war de Grand-Duc, zesumme mat der Ministesch Martine Deprez, am « 19 Liberté » vun der Spuerkeess, bei dëser Präisiwwerreechung dobäi.

2026_05_20-mgd-prixlions-2026_032.jpg

© Maison du Grand-Duc / PANCAKE! Photographie

2026_05_20-mgd-prixlions-2026_054.jpg

© Maison du Grand-Duc / PANCAKE! Photographie

Dës Auszeechnung wierdegt den Engagement an de Professionalismus vun enger interdisziplinärer Equipe, déi Kriibspatienten an hir Begleeder bei den Erausfuerderunge vun dëser Krankheet ënnerstëtzt - vun der Diagnos bis zu der Remissioun. D'Fondatioun setzt sech zousätzlech intensiv fir d'Sensibiliséierung an d'Ënnerstëtzung vun der Recherche an.

2026_05_20-mgd-prixlions-2026_068.jpg

© Maison du Grand-Duc / PANCAKE! Photographie

De Staatschef huet all de Leit Merci gesot, déi sech am Alldag dofir engagéieren, datt déi Jonk an hir Familljen am Kampf géint d'Krankheet begleet ginn.